|
Article on other languages:
|
D'Zoologie ass d'Studéiere vum Bau an der Liewensweis vun deene verschiddenen Aarte vun Déieren, genau esou wéi d'Erfuerschunge vun hire géigesäitege Verwandschaftsverhältnisser. All Aart vun Déier soll esouwäit wéi méiglech eng logesch a wëssenschaftlech fundéiert Plaz an engem geuerdnete System kréien. Déi ideal Form vun esou engem System wier et, fir all Déier no senger Ofstamung, sengem Opbau, senger jeeweileger Liewensweis a senger Enstéiungs- an Entwécklungsgeschicht ze katalogiséieren. Dëst ass awer praktesch net zu honnert Prozent méiglech, well et nach eng Onmass vu Relatioune gëtt déi nach net nogewise sinn oder kënne ginn. E staark vereinfachte System, dee praktesch benotzt ka ginn, ass d'Glidderung vun der Déierewelt (Animalia) a grouss Kategorien no verschiddene Mierkmoler. GeschichtHaaptandeelung
Donieft ginn et nach Andeelunge wéi Iwwerklass, Ënneruerdnung.... asw Kuckt och |
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.