|
Article on other languages:
|
Entspriechungen: Jupiter · Taranis · Thor · Tinia Den Zeus (gr.: Ζεύς/Zeús; och Δίας/Dias), Jong vum Kronos an der Rhea, war den ieweschten olympesche Gott an der griichescher Mythologie. Iwwer him stoung nëmmen dat personifizéiert Schicksal - d'Moiren - un dat och hien sech hale misst. Den Numm kënnt aus der selwechter indogermanescher Wuerzel wéi dat algr. theos, dem lat. deus, dem germaneschen Ziu an dem indeschen Deva, déi Ausdrock fir e gemeinsamt indoeuropäescht patriarchalescht Gottesbild. Hien huet iwwer den Himmel geherrscht an hat den Adler an de Blëtz als Symboler. Hie gouf mat senger Schwëster Hera bestued, an hat eng sëlleche Kanner, dorënner den Herakles, en Hallefgott, an d'Athene, wat aus sengem Kapp entsprongen ass.
KandheetDe Kronos, deen deemools säi Papp Uranos enttrount hat fir selwer un d'Muecht ze kommen, huet gefaart et géif him mat senge Kanner ähnlech ergoen an huet duerfir all seng Kanner verschléckt. Senger Fra Rhea ass ët awer gelongen, den Zeus an enger Grott op Kreta ze verstoppen a si huet dem Kronos e Steen deen a Wëndelen agewéckelt war a sénger Plaz ginn1. Den Zeus gouf vun der Geess Amaltheia (oder vun enger Nymph mat dësem Numm) mat Geessemëllech opgezunn, a vun de Kurete beschützt. Aus engem Har vun dëser Geess sollt spéider d'Cornucopia, d'Fëllhar, ginn. Wéi den Zeus méi al war, huet hie sech bei de Kronos geschlach, an hie gezwongen, seng Gesëschter alleguer nees erauszespäizen. Eng aner Versioun vum Mythos erzielt de Mythograph Antoninus Liberalis a senge Metamorphoses. D'Rhea huet den Zeus an enger kretescher Grott op d'Welt bruecht. Hei gouf d'Kand vu Beien opgezillt. Véier Awunner sinn enges Dags an d'Höhl komm, well si op der Sich no Hunneg waren, an hunn de jonke Gott gesinn, an dësen huet hinne gedrot, e géif si mam Blëtz erschloen, mee gouf awer vun der Themis an de Moiren zeréckgehalen, well keen op dësem hellege Buedem stierwen dierft. Doropshinn huet den Zeus si a Villercher verwandelt, déi Noriichten iwwerbréngen. De Rescht vun der Legend ass verluer gaangen. Beim Homer ass den Zeus dat eelste Kand, an huet dofir seng Muecht. Esou huet de Poseidon am Trojanesche Krich noginn, well "obschonns si all aus der selwechter Famill kommen, ass den Zeus den Eelsten, a weess am Beschte Bescheed"2. Beim Homer huet den Zeus als Paredros d'Okeanid Dione, déi och mat him beim Orakel vun Dodona assoziéiert gouf. Den Zeus an d'LéiftDen Zeus ass berühmt fir seng sëllech Affären, mat Stierflechen, Nymphen a Gëttinnen: Danaë, Alkmene, Semele, Leto, Europa, Ganymed asw. Hie war de Papp vu ville Gëtter: Athene, Dionysos, Hermes, Apollo an Artemis; a vu villen Heroen: Herakles, Perseus, Kastor a Polydeukes asw. Well hie senger drëtter Fra Hera (no der Metis an der Themis) ëmmer friemgaangen ass, koum ët dacks zum Sträit bei dëser Koppel, well d'Hera war immens jalous. Si huet dacks d'Geléiften (Io, Leto asw.) a souguer d'Kanner (Herakles) vun hirem Mann verfollegt. Och huet den Zeus sech net ëmmer a senger richteger Gestalt gewisen, hien huet dacks Déiereformen ugeholl. De bekannteste Mythos heivunner ass wuel dee vun der Europa mam Stéier. Seng HerrschaftWéi säin Numm aus der indoeuropäescher Wuerzel *dei- seet3, huet den Zeus iwwer den Himmel geherrscht, d'Äerd war ënner de Gëtter opgedeelt. Hie krut de Bäinumm Κεραυνός / Kéraunos (« de Blëtz »), an huet mat engem Blëtz geschoss, deen him d'Kyklope gemaach haten. Dëse Blëtz hat dräi Stäerkten: eng fir ze warnen, eng fir ze strofen, an eng fir d'Enn vun der Zäit, fir d'Welt ze zerstéieren. Den Zeus war och Meeschter iwwer d'Naturphänomener: Donner, Wellen asw. D'Meteorite waren him gewidmet. A senger Epikles Μαιμάκτης / Maimáktês, hëllt hien de Stuerm ewech. Hien ass och zoustänneg, datt et op der Äerd reent4. Esou hunn déi al Griichen de Reen och τὸ ἐν Διὸς ὕδωρ - Waasser vum Himmel genannt. Well hie mat den Naturphänomener ze dinn huet, gouf hie logescherweis och mat de landwirschaftleche Kulturen an Zyklen assoziéiert. Den Hesiod schléit zum Beispill fir, den Zeus an d'Demeter ze ruffen, fir datt de Buedem vill Friichten dréit5. Ënner der Epikles Κτήσιος / Ktếsios huet hien d'Garde vum Iesse beschützt, an hat als Attributer d'Cornucopia an eng Schlaang. Epitheten, Attributer, Hellegtümer
Literatur zum Thema
Notizen a Referenzen1: Vgl. Bätylos. Um Spaweck
|
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.