Wodka

Article on other languages:

De Wodka ass eng ganz speziell Zort vu Spirituos. En huet net wéi di aner héichprozenteg Alkoholen e Bouquet, en Aroma oder e spezielle Goût, mä ass ganz neutral a reng.

De Wodka kënnt aus Russland an ass wéinst senger Neutralitéit am Goût a Geroch ideal , fir Cocktailer ze mixen.

Fréier gouf en haaptsächlech aus Grompere gebrannt. Haut ginn dofir Käre geholl. Gréisstendeels gëtt de Wodka zweemol gebrannt, verschidden Zorten esouguer dräimol.

This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.