|
Article on other languages:
|
Wikipedia ass e gemeinschaftleche Projet mat engem gemeinschaftlechen Zil dat vun de meeschte Wikipedianer gedeelt gëtt. Natierlech hu mer och all eis perséinlech Grënn fir matzemaachen, a jidderengem steet et fräi, säin Deel zum Grousse bäizedroe wéi hien et fir richteg emfënnt. Mee natierlech soll Wikipedia och eng nëtzlech a fiabel Source ginn. Fir dëst Ziel ze erreechen, brauche mir natierlech eng Rei Regelen fir d'Matenee méi einfach ze maachen, mat sou mann Sträit wéi méiglech. Dës Regele wëlle mer iech op dëser Säit kuerz oplëschten. Verschidde Regelen huet de Grënner vu Wikipedia, den Jimbo Wales, fir offiziell erkläert, kuckt och dëse Bäitrag op Wikien-l an Jimbo Wales/Statement of principles.
Zentral Grondregele vun der WikipediaFolgend véier Punkte sinn zentral Grondsätz vun der Wikipedia.
Weider UnhaltspunktenFolgend Punkte si Rotschléi, un déi ee sech waméiglech hale soll, awer net muss. Natierlech soll dat Ganzt elo net eppes am Stil vun den Zéng Geboter sinn :-) Mee passt awer waméiglech e bëssen op. Weider Konventioune fannt Dir op der Kommunautéitssäit an ënnert der Hëllef. Déi meescht Artikelen op Wikipedia hu méi wéi een Auteur. All är Kontributioune si susceptibel nach verännert ze gi vun engem aneren Utilisateur ouni datt dir dobäi iergendeen "droit de veto" hätt. Wann der mat dësem Prinzip net averstanen sidd, dann ass Wikipedia eventuell déi falsch Address fir ierch. Dës Regel beinhalt och, datt der är Artikelen net signéiert. Wee genee dru geschafft huet, kann een am Historique noliesen.
Wie stellt déi Regelen eigentlech op ?D'Majoritéit vun den allgemengen Regelen gouf opgesat wéi Wikipedia gegrënnt ginn ass, also op der englescher Wikipedia. Dann huet natierlech och all Sprooch hir spezifesch Regelen, déi vrun allem mat der Sprooch oder mam Land ze din hunn. Als Beispill: Op der lëtzebuergescher Wikipedia soll de "Koiné" geschriwwe ginn, dee méi oder wéineger op de "Staadter" Dialekt erausleeft. Wie passt op ?Op Wikipedia passt jiddereen op wat deen anere stiicht. Et gëtt kee Chefredakter deen d'Artikele validéiere muss éier se op de Site kommen, nach soss eng héich Kontrollinstanz. Natierlech ginn et d'Administrateuren, mee och si sinn net allmächteg a sollen deem ganzen och méi e Kader gi wéi als groussen Oppasser do stoen. Dozou gehéiert natierlech och, hinnen onnëtz Aarbecht dohinzeleeën, wat jo net muss sinn:
Liest heizou och nach |
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.