|
Article on other languages:
|
Dës Säit erkläert déi üblech Konventiounen op der Wikipedia fir Artikelnimm. Allgemeng soll den Numm vun engem Artikel esou gewielt ginn, datt e fir d'Majoritéit vun de Lieser sou kloer an däitlech ewéi méiglech ass. Wann et Synonymer fir den Artikeltitel gëtt, sou solle sougenannte Redirects ugeluegt ginn. Folgend Konventioune si keng Gesetzer, mee éischter Richtlinnen, déi aus Diskussiounen enstane sinn, no denen ee sech ka riichten, wann een net genau weess, wéi een den Artikel dann elo nenne soll, a fir Nummkonflikter aus dem Wee ze goen. Fir verschidde Sproochen a Fachgebidder gëtt et och méi ausféierlech Konventiounen:
Allgemenges
Zesummegesate WierderZesummegesate Wierder, déi als ee Substantiv ze verstoë sinn, ginn zesummegeschriwwen, oder mat Bindestricher verbonnen. Dat gëllt och fir gemëschtsproocheg Zesummesetzungen, an denen e lëtzebuergescht Wuert virkënnt. Beispill: Open-Source-Bewegung. Bei Eegennimm vun Organisatiounen, Evenementer, Gebaier a. ä. sollt ee sech un der offizieller Bezeechnung orientéieren. Kuckt heifir och Wikipedia:Nummkonventiounen#Organisatiounen_an_Ariichtungen. ZuelwierderZuelwierder gi bei Artikelnimm an aller Regel ausgeschriwwen, also Drëtte Kräizzuch an net 3. Kräizzuch. Eng Weiderleedung kann ugeluegt ginn (an dësem Fall vun „3. Kräizzuch“ op „Drëtte Kräizzuch“). Eng Ausnam sinn hei Sinfonien (zum Beispill 7. Sinfonie). DeelgebidderDeelgebidder vun engem Thema sollen en normal verständlechen Titel ouni Klameren hunn, also Paräisser Muséeën an net Muséeën (Paräis). Och d'Benotzung vun »/« fir Ënnerartikel (Paräis/Muséeën) soll ënnerlooss ginn. Den Titel soll op de Sujet hiweisen. Wann dir zum Beispill elo iwwer d'Geographie vu Spuenien schreiwe wëllt, sou nennt ären Artikel Geographie vu Spuenien an net einfach Geographie. LëschtenLëschten hunn üblecherweis eng Lëscht am Numm. Bei groussen alphabetesche Lëschte gëtt de Bustaf mat /A drugehaangen, wann d'Lëscht soss ze grouss géif ginn (Beispill: Lëscht vun de chrëschtlechen Hellegen/A). Méi dozou ënner Lëschten. Abstrakt SubstantivEn Thema wat zesummegehéiert, soll zesummen an engem Artikel behandelt ginn (ausser den Artikel géif ze grouss ginn, dann ass et natierlech ëmmer besser, den Artikel logesch opzesplécken). Amplaz also een Artikel Pragmatesch oder Pragmatiker unzefänken, gëtt ugeroden, vun den Adjektive wéi pragmatesch a vun de spezielle Substantiver wéi Pragmatiker e Redirect op dat abstrakt Substantiv, an dësem Fall Pragmatismus, ze maachen. SonnerzeechenArtikelnimm, déi zwar op dem laténgeschen Alphabet berouen, awer Sonnerzeechen (z. B. ð, Ð, æ, Æ, ə, Ə) oder diakritesch Ergänzungen (z. B. á, Õ) enthalen, gi grondsätzlech wéi an der Landessprooch geschriwwen (z. B. São Paulo, Friðrik Þór Friðriksson). Och am Artikel soll dës Schreifweis benotzt ginn. Et ass awer zweckméisseg, ëmmer sënnvoll Weiderleedungen unzeleeën, déi dës Sonnerzeechen an diakritesch Ergänzungen ëmschreiwen (z. B. „Sao Paulo“, „Fridrik Thor Fridriksson“), fir och denen d'Fanne vun Informatiounen z'erméiglechen, déi net kënneg am Ëmgang mat esou Zeeche sinn, oder Problemer hunn, dës op hirer Tastatur anzeginn. E Sonnerfall gëtt et nëmme bei den Aserbaidschanesche Sonnerzeechen »Ə« an »ə«. Dës duerfen och am Land selwer als Ä an ä geschriwwe ginn, obschonns ee méi oft Ə an ə gesäit. Kuckt och: Wikipedia:Nummkonventiounen/Aserbaidschanesch Eng Weiderleedung gëtt och beim »ß« ugeroden, well et op franséischen, engleschen oder Schwäizer Tastature keen ß gëtt, a vill Leit d'ß-Regelen net richteg kennen. Am Usbekeschen existéiert d'Sonnerzeechen »‘«, wat no de Bustawe g an o benotzt gëtt, fir Ëmlauter auszedrécken. Dëst Sonnerzeechen ass net mam Apostroph identesch, mee gläicht éischter enger klenger 6. Ët gëtt esouwuel am Artikelnumm wéi och am Text benotzt. Zousätzlech gi Weiderleedunge vun der Schreifweis ouni d'Sonnerzeechen souwéi vun der Schreifweis mam ähnlechen Apostroph gemaach. Fir net-laténgesch Schrëftsystemer wéi Arabesch, Chinesesch oder Kyrillesch gëtt et Transkriptionskonventiounen. Heizou gëtt et en eegenen Abschnitt. D'Benotzung vun den allgemenge Sonnerzeechen (z. B. *, ~, @, \, $, |, ", /) féiert an der aktueller MediaWiki nach ëmmer zu Problemer. Hei muss eventuell en Alternativtitel gewielt ginn. Op de korrekten eigentlechen Artikeltitel gëtt de Lieser iwwert d' Template:Korrekten Titel informéiert. D'Zortéieren an de Kategorië soll ouni d'Sonnerzeeche gemaach ginn. Fir datt São Paulo lexikalesch richtig anzortéiert gëtt, muss am Artikel Bei Transskriptioune vun Nimm an net-laténgesche Schrëften hale mer eis un déi däitsch Transskriptiounen, well dës dem Lëtzebuerger Schrëftbild am nootste sinn. Beispill: Michail Sergejewitsch Gorbatschow. Ginn et "exotesch" Accenten, da gëtt e Redirect vum Stéchwuert ouni Accent op den Artikel, dee mat de "Sonnerzeeche" lemmatiséiert gëtt, gemaach: Kenzaburo Oe → Kenzaburō Ōe. Dat gëllt och fir Nimm a Sproochen, déi d'laténgescht Alphabet benotzen, mee bei äis net gebräichlech diakritesch Zeechen hunn: Jiri Kodet → Jiří Kodet, oder bei deenen den Accent dacks vergiess gëtt: Pedro Alvodovar → Pedro Almodóvar. Klengen UfanksbustafEn Artikeltitel mat engem Ufanksbustaf, dee klenggeschriwwe misst ginn, ass zur Zäit technesch net méiglech. Awer et ass méglech den Titel korrekt uweisen ze loosse mat Hëllef vun der Fonktioun {{DISPLAYTITLE:xyz}} déi bewierkt datt d'Säit mat dem Titel xyz ugewise gëtt aplaz vun Xyz, wéi dat soss de Fall wier. Beispill: c't. OfkierzungenFir d'Ofkierzunge soll den Artikel den ausgeschriwwenen Numm hunn (Vereenegt Staate vun Amerika). Setzt e #REDIRECT bei der gängeger Ofkierzung (USA) op den ausgeschriwwenen Artikel-Titel. PersounenAllgemengesPersounennimm ginn op der Wikipedia wéi am normale Sproochgebraucht als Artikelnumm benotzt – also net Rodange, Michel mee Michel Rodange. Bei méi Virnimm, mussen dës net all am Artikelnumm stoen, mee den Artikel gëtt an der Form lemmatiséiert, déi am meeschte benotzt gëtt. De vollen Numm gëtt awer am éischte Saz vum Artikel ernimmt. Adelsprädikatr (Count, Baroun, Sir usw.), akademesche Grader (Doktor, Professer) ginn am Artikelnumm ewechgelooss, ausser et si Kënschtlernimm. Bei historesche Persoune mam selwechten Numm gëtt den Ënnerscheed duerch d'Uertschaft wou en hirkomm ass gemaach, oder en Zousaznumm, deen dës Persoun hat. Eng aner Méiglechkeet ass, d'Gebuertsjoer hannendrunner ze schreiwen oder "de Jéngeren/den Eeleren" bzw. „junior/senior“ bei Membere vun der selwechter Famill. Si Leit sougutt wéi nëmmen ënnert hirem Pseudonym bekannt, dann ass den Artikel ënnert deem ze lemmatiséieren. De "Gebuertsnumm" gëtt da just am Artikel selwer ernimmt. Beispill: Jean Gabin. Gëtt e Pseudonym just geleeëntlech vun enger Persoun gebraucht, déi och ënnert hirem eegenen Numm bekannt ass, da steet se ënnert hirem Numm, an de Pseudonym mécht e Redirect op dësen: Siggy vu Lëtzebuerg → Lucien König. En zesummegesatene Virnumm gëtt mat Bindestréch geschriwwen: Jean-Claude Juncker. All d'Virnimm aus dem Etat civil kënnen zwar am fettgedréckte Lemma vum Artikel stoen, mee net am Numm vum Artikel selwer. Ofkierzunge vu Virnimm ginn ausgeschriwwen, et sief, d'Persoun ass just ënnert der Kuerzform bekannt: Mars Klein, Tun Deutsch, D. H. Lawrence. Am Zweifelsfall soll een e Redirect vun der Variant mam Kuerznumm op déi mam ausgeschriwwenen Numm maachen. Am fettgedréckten Titel vum Artikel steet dann z.B.: De Jean-Pierre (Jemmy) Koltz, gebuer..." Bestuete Frae stinn ënnert hirem Gebuertsnumm; e Redirect vun hirem Numm nom Bestiednes ass recommandéiert, virun allem, wann s'ënnert deem méi bekannt sinn. Beispill: Aline de Saint-Hubert huet e Redirect vun Aline Mayrisch an Aline Mayrisch-de Saint-Hubert aus. SproochspezifeschesWann et sproochspezifesch besonnesch Saache ginn, sollen dës berücksichtegt ginn. Sou ass et am Russeschen üblech, den Numm vum Papp am Lemma ze nennen (z. B. Wladimir Wladimirowitsch Putin), am Ukraineschen awer net (méi dozou ënner Wikipedia:Nummkonventiounen/Kyrillesch). Bei auslännesche Persounen, bei denen am Heemechtsland eréischt viru kuerzem d'laténgescht Alphabet agefouert gouf, sou soll dës nei Schreifweis benotzt ginn. Eeler Transkriptioune sollen an der Introductioun vum Artikel selwer awer genannt ginn, an déi néideg Weiderleedunge solle gemaach ginn. Dat betrëfft zum Beispill turksproocheg Länner, an denen d'kyrillescht Alphabet no der Onofhängegkeet ofgeschaf gouf. Ungaresch Nimm ginn allgemeng an der Reihefolleg „Virnumm Familljennumm“ geschriwwen, an net wéi am Ungareschen „Familljennumm Virnimm“ (also Béla Bartók, net Bartók Béla). Bei de japanesche Persounen, déi virun der Shōwa-Zäit gebuer sinn, gëtt de Familljennumm virun de Virnumm gesat. Dëst ass déi üblech Reihefolleg am Japaneschen. Bei Persounen, déi no der Shōwa-Zäit op d'Welt komm sinn, gëllt dat Üblecht „Virnumm Familljennumm“. De Familljennumm gëtt net grouss geschriwwen an nom Familljennumm kënnt kee Komma. Wann d'Persoun awer selwer eng aner Reihefolleg benotzt, oder zum Beispill Publikatioune vun dëser Persoun op Däitsch (also deem Schrëftbild un dat mir eis halen) en anert Schrëftbild benotzen, sou soll dës Schreifweis benotzt ginn. (kuckt Japanesch Nummkonventiounen) Keeseren, Kinneken an aner HerrscherBei Monarchen a soss Adeleger (Prënzen, Herzogen, ...) fuere mer nom Prinzip "Numm_vu(n)_Territoire", deemno Henri vu Lëtzebuerg, Louis XIV. vu Frankräich, asw. Och hei ass d'Sprooch vum Numm eng quokelesch Saach; prinzipiell ginn z.B.franséisch Kinnike mat hirem franséischen Numm ugefouert a portugisescher mat hirem portugiseschen, mee bei Herrscher iwwer méisproocheg Territoirë, wéi dat z.B. bei deenen, déi virum 20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg Här a Meeschter waren, de Fall ass, ass Pragmatismus (d.h. Redirect-Geknéchels) déi eenzeg Léisung. Well et huet kee Sënn, wëllen ze determinéieren, ob elo Karel IV., Karl IV., Charel IV. oder Charles IV. "méi richteg" ass. PeepstPeepst gi mat "Numm_Uerdnungszuel a laténgeschen Zuelen. (Poopst)" lemmatiséiert, also z.B. Urban III. (Poopst), Jean-Paul II. (Poopst), asw. Bei Virnimm, bei deenen déi däitsch an déi franséisch Variant ënnerschiddlech sinn, musse Redirecter dofir hierhalen, datt et am Lëtzebuergesche keng schrëftlech Traditioun, an deemno och keng kloer Preferenz fir déi eng oder ander gëtt. (Beispill: Benedikt V. (Poopst) a Benoît V. (Poopst)) Geographesch Nimm1. Lëtzebuergesch Uertschaften stinn ënnert hirem lëtzebuergeschen Numm. Beispill: Ëlwen. Eng Viruleedung vum franséischen an/oder däitschen Numm op dee lëtzebuergeschen ass recommandéiert. 2. Uertschafte soss uechtert d'Welt stinn ënnert hirem Numm, wéi se do genannt ginn, wou se leien: Beispill: Xouaxange. 3. Ausnamen: 4. Spezialfall: Wann et méi wéi een offiziellen Numm gëtt, gëtt e Redirect vun deene verschiddene Varianten op eng Säit ugeluecht, déi (an alphabetescher Reienfolleg) déi verschidden Nimm huet. Beispill: Auderghem an Oudergem hunn e Redirect op Auderghem - Oudergem (D'Regioun Bréissel ass offiziell zweesproocheg fanséisch-hollännesch, béid Nimm wiere "gläich richteg"). 5. Et soll drop opgepasst ginn, datt bei Evenementer aus der Vergaangenheet, zum Beispill d'Gebuert vun enger Perséinlechkeet, am Artikel deen Numm benotzt gëtt, deen deemols üblech war. Beispill: '''Käthe Kollwitz''' (* [[8. Juli]] [[1867]] zu [[Kaliningrad|Königsberg]]; …) … TitelHandelt et sech ëm e Wierk, sou soll dem Auteur seng Schreifweis respektéiert ginn (zum Beispill eXistenZ an net Existenz). Dat gëllt och fir lëtzebuergesch Publikatiounen, déi an enger vereelster Schreifweis geschriwwe sinn: D'Lemma ass esou, wéi et an der éischter Editioun geschriwwe steet (z.B. D'Mumm Sěs), mat engem Redirect vum Titel an der haideger Schreifweis (an dësem Fall D'Mumm Séis) erméigleche mer, et erëmzefannen. FilmerDen Numm vun Artikel soll ëmmer den originale Filmtitel sinn. Eng lëtzebuergesch Iwwersetzung ka bei Filmer gemaach ginn, bei deenen den Originaltitel an enger net-laténgescher Sprooch (wéi z.B. Chinesesch) steet. Entsprécht de Filmtitel dem Titel vun engem Buch (oder engem anere Lemma mam selwechten Numm, z. B. Apollo 13), sou soll de Filmartikel duerch d'Derbäisetze vu „… (Film)“ indexéiert ginn. Beispill: Doktor Schiwago → Doktor Schiwago (Roman), Doktor Schiwago (Film) Wann et méi Verfilmunge mat dem selwechten Titel gëtt, sou soll och d'Verëffentlechungsjoer a Klamere stoen. SerienGrondsätzlech soll de kompletten offiziellen Titel dem Artikelnumm entspriechen. Wann dëse méidäiteg ass, muss den Zousaz „… (Televisiounsserie)“ derbäigesat ginn. MusekstéckerMusekstécker stinn ënnert hirem Originalnumm. Wann et méi Stécker mam selwechten Numm gëtt (z. B. bei Sonaten a Sinfonien), setze mer den Numm vum Komponist hannendrunner a Klameren. Beispiller: 7. Sinfonie (Beethoven), Die Zauberflöte NationalhymnenD'Nationalhymne ginn ënnert hirem Original-Titel gefouert. Organisatiounen an AriichtungenBei auslänneschen Organisatiounen an Ariichtunge soll déi Bezeechnung benotzt ginn, déi zu Lëtzebuerg am Gängegsten ass. Sou wäert ee wuel éischter Harvard University wéi Universitéit Harvard liesen, awer méi heefeg Universitéit Helsinki wéi Helsingin yliopisto. Bei lëtzebuergeschen Organisatiounen an Ariichtunge deer hir amtlech Bezeechnung wéint der momentaner Gesetzeslag zwéngend op Franséisch ass, soll déi gängeg lëtzebuergesch Bezeechnung benotzt ginn, oder wann et keng gëtt, eng valabel lëtzebuergesch Iwwersetzung. Sou wäert ee wuel éischter Asbl wéi GoGz liesen, awer méi heefeg Lëtzebuerger Nationalbibliothéik wéi Bibliothèque nationale de Luxembourg. All Kéiers wann den Numm vun engem Artikel no deenen uewen ausgeféierte Regele anescht ass wéi déi amtlech Bezeechnung, sou soll déi amtlech Bezeechnung awer och am Artikel selwer genannt ginn an e Redirect vun der amtlecher Bezeechnung op den Artikelnumm gemaach ginn. EntreprisenWann en Artikel iwwert eng Entreprise opgemaach gëtt, gëllt de Prinzip: Den Artikeltitel muss korrekt awer och gängeg sinn.
KategorienKuckt Wikipedia:Kategorien DetaillerSproochenSprooche kréien den Zousaz "Sprooch" am Artikelnumm nëmmen dann, wann ee si soss mat enger Natioun, engem Vollek oder enger Regioun verwiessele kéint, oder wann et ëm Sproochfamille geet. An den anere Fäll nenne mer d'Sproochartikelen Englesch, Däitsch, Lëtzebuergesch, Latäin asw. Transkriptioun vu frieme SchrëftsystemerFir Nimm aus frieme Schrëftsystemer soll eng Ëmschrëft benotzt ginn, kuckt Friemwierderformatéierung. Fir Friemsproochen: Fir verschidde Sproochen a Schrëfte ginn et scho speziell Nummkonventiounen an Transkriptiounsregelen, kuckt
Männlech a weiblech BezeechnungenArtikele ginn ënnert der maskuliner Bezeechnung ugeluegt (kuckt generesche Maskulinum). Eng Weiderleedung vun der weiblicher Form kann ugeluecht ginn (Bundeskanzlerin → Bundeskanzler, Landeshauptfrau → Landeshauptmann). MarkennimmBei Markennimm, déi net ëmmer mat der lëtzebuergescher Schreifweis iwwerdenee stëmmen, gëtt den offizielle Markennumm, mat der Grouss- a Klengschreiwung benotzt, wéi e bekannt ass. Eisebunnsstrecken
Medezin |
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.