|
Article on other languages:
|
D'Neutralitéit ass ee vun de Grondprinzipien beim Schreiwen vun Artikelen op Wikipedia. Nom engleschen Neutral Point of View gëtt dëst och oft NPOV oofgekiirzt. Eng universell Enzyklopädie ass eng Usammlung vu "syntheteschem" Wëssen, daat vun engem neutrale Point de vue aus presentéiert gëtt. Den Auteur soll beim Schreiwe souwäit wéi méiglech probéieren neutral ze bleiwen. Duerch den neutrale Point de vue gëtt versicht, Iddien a Fakten esou ze presentéieren datt souwuel d'Géigner wéi och d'Partisane mat der Beschreiwung vun den Iddien averstane sin.
Reegele fir d'Neutralitéit
Virschléi zum neutrale Point de vueWaat ass Fakt, waat ass Wertung ?Als Fakten oder Tatsaache kann een Aussoe formuléieren, déi hautzudags bei der Allgemengheet vun de Menschen nët emstridde sin. Dozou gehéieren zum Beispill d'Naturgesetzer, mathematesch Thesen oder Daten aus der Statistik (Awunnerzuel asw.). Oppassen sollt een allerdéngs bei Aussoe wéi "De Picasso ass dee gréisste Moler vum 20. Joerhonnert". Och wann daat vu ville Leit eventuell ugeholl gëtt, sou ass ët eng Wertung a keng Tatsaach. An dësem Fall kéint een de Saaz besser esou dréinen: "De Picasso gëtt als ee vun de gréisste Moler vum 20. Joerhonnert ugesinn". Meenungen a Wertungen (op eegen oder nët) sollte waméiglech mat Fakten ënnermauert gin. Zum Beispill: "D'Grupp XYZ zielt zu deenen erfollegräichsten vun den 80er Joren. Alleng 1985 hun sie X Millioune Plakke verkaaft". Ween denkt waat ?Bei de Standpunkten och ëmmer drun denken ze soen ween esou denkt. Amplaaz also ze soen "Vill Leit hun e Problem mat Softwarepatenter" ass ët besser ze soen "Vill Programmeuren hun e Problem mat Softwarepatenter", well wie si "vill Leit" ? Onparteiesch sinBei der Duerstellung vun de verschiddene Point de vuen heescht ët onparteiesch ze sinn, also nët duerch eng ausgewielte Rhetorik séng eege Meenung duerchblécken ze loossen. Waat maachen wann een Artikel nët neutral ass ?Hei ginn ët e puer Méiglechkeeten:
|
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.