Dës Säit soll iech eng Méiglechkeet gi fir d'Säiten, déi solle geläscht ginn, erëmzefannen a wann néideg driwwer ze diskutéieren op d'Läsche wierklech ubruecht ass.
Am Fall wou eng Säit carrément nëmmen eng Übung vun engem Ufänger ass oder Affer vu Vandalismus gouf, sou kann all Benotzer de komplette Contenu läschen an als Commentaire "Säit soll geläscht ginn" hannerloossen (Beispiller an eisem Schmunzeleck).
Nicht in Lëtzebuergesch, mehr touristischen als enzyklopädischen Information. - Andre Engels 07:25, 4. Sep. 2008 (UTC)
Lemma ass ok, den Text muss just iwwersat ginn. --Zinneke 08:15, 4. Sep. 2008 (UTC)
Wéi wier et no "Nummkonventiounen 6." mat "Deportatiounsmemorial", "Dokumentatiouns- a Recherchezentrum iwwer d'Zwangsrekrutéirung" an "Direktiounskomitee fir d'Erënnerung un d'Zwangsrekrutéirung"? --Otets 13:28, 16. Sep. 2008 (UTC)
Moien,
Wa mat der déportation d'Ëmsiidlung gemengt ass, firwat dann net Ëmsiidlungsmemorial? freet sech de Les Meloures 15:54, 16. Sep. 2008 (UTC)
Moien
Den Text gouf iwwersat, a gutt mat Biller dokumentéiert. Läsche kënnt deemno menger Meenung net méi a Fro. Les Meloures 10:41, 20. Sep. 2008 (UTC)
"e lëtzebuergesche Gemengepolitiker an aktuell zweete Scheffen an der Gemeng Veianen ....... Hien ass vu Beruff Schoulmeeschter." : Kréie virun de Walen déi zweet Scheffen vun elo un en Artikel oder d'Schoulmeeschteren? Oder nëmmen déi, déi Harmonika spille kënnen? Virun enger Zàit gouf gemeutert, wéi en Artikel iwwer e Paschtouer sollt eragesat ginn. Déi wieren net "relevant". Gutt, mee wat huet dëst dann hei verluer? --Cornischong 00:18, 15. Okt 2008 (UTC) (kopéiert vun der Diskussiounssäit vum Artikel.)
fir d'Läschen
Näischt géint dee Mann, säi Beruff a säin Engagement, mee iergendwous muss eng Relevanz-Grenz gezu ginn. Schoulmeeschter a Gemengerot/2. Schäffen ass nun eemol zimlech "kleesper" (aus Wiki-Siicht), do kéime mer séier op e puer Dausend potentiell Kandidaten. --Zinneke 08:26, 15. Okt 2008 (UTC) (deen de "Meuterer" géint de Paschtouer- Artikel - aus dem selweschte Grond - war :-)
Ech sinn do mam Zinneke enger Meenung. Et ass sécher e fäine Mon, mee dat eleng geet leider net duer. Wann elo nach derbäistoe kéim, dee Mon wier e regionaalt Original, e berühmten Harmonikasspiller, hätt bei enger historesch wichteger Ofstëmmung am Gemengerot d'Koar erëmgerappt oder soss eppes weider, da kéint en natierlech an der Wiki bleiwen. --Otets 17:20, 15. Okt 2008 (UTC)
dogéint
Kommentar
Sou laang wéi de Pastouer net geläscht gëtt, gesinn ech net an firwat datt déi aner solle gläscht ginn. Kuckt iech emol d'Argumentatioun an der Paschtoueschdiskussioun un. Déi géif grad esou gutt op déi heiten Artikele passen. Les Meloures 08:54, 15. Okt 2008 (UTC)
Merci, datt s'De n en erëmfonnt hues, ech duecht, deen Artikel wier effektiv geläscht ginn. Wéi virgeschloen, maachen ech um Stamminet eng Diskussioun iwwer ["Wou a wéi solle mer Relevanz-Grenzen zéien?"] op. --Zinneke 09:19, 15. Okt 2008 (UTC)
Dann nach just eng perséinlech Meenung: Wéi wier mat Artikelen opfëllen, mer hunn eng Hellewull Eesaz an Zweesazartikelen ëm déi kee Mënsch sech bekëmmert, sougenannte Fouss an d'Dir-Artikelen, an déi wéi se fir de Moment, do stinn och net relevant sinn. Les Meloures 09:45, 15. Okt 2008 (UTC)
Mojen, ech stëmmen hei nët mat of a machen beim Cornischong (oder wéi en och ëmmer sech nennt) sengem Spill net mat. Fir wat soll een op eemol op hien a seng Bemierkungen agoen, wann hie guer näischt korrigéiert mais just meckert an dat an sengem gewinnten Toun, kuckt w.e.g. just mol wat hie de mojen op meng Diskussiounssäit geschriwwen huet. Ech hunn keng Loscht esou eppes ze liesen an op menger Diskussiounsàit stoe ze loossen. --PlayMistyForMe 10:07, 15. Okt 2008 (UTC)
Biller mat falscher oder kenger Lizenz
Hei ënnen drënner sti Biller déi eng falsch oder keng Lizenz hunn. D'Auteure kréien dozou och e Massage op hir Dikussiounssäit gesat mat all Kéiers dem Bild debäi. Ech proposéieren datt mer op d'mannst e Mount solle waarden éier d'Biller nodeems se hei an der Lëscht stoungen, an d'Lizenz net vum Auteur verbessert gouf, geläscht ginn. Les Meloures 16:21, 15. Okt 2008 (UTC)
Sorry for posting this in English. This image was just deleted on de.wikipedia for missing source and does not have a source at the Commons, either. Thus I think it should be deleted on this project as well. Best regards!
Für die, die besser deutsch als englisch können: Dieses Bild wurde gerade auf der deutschsprachigen Wikipedia gelöscht, weil die Quellangabe fehlte. Auch die Kopie auf den Commons hat keine Quellangabe und die Kopie hier auch nicht. Daher schlage ich vor, das Bild zu löschen. Beste Grüße, --ChrisiPK 18:41, 18. Nov. 2008 (UTC)
Do wäerte mer dann emol ofwaarde wat op de Commons geschitt, bis elo ass et jo do nach net geläscht. Les Meloures 22:26, 18. Nov. 2008 (UTC)