|
Article on other languages: |
Kategorien erlaben et, Wikipedia-Artikel a bestëmmten "Tiräng" ze leeën. Am Géigesaz zu richtegen Tiräng kann en Artikel dobäi a méi wéi eng Kategorie gehéieren; d'Kategorie selwer kënnen och nees anere Kategorien zougeuerdnet ginn. Kategorie kënnen an der Wikipedia fir verschidden Zwecker agesat ginn. Méiglech Uwendungsfäll sinn:
GrondleeëndesD'Artikelkategoriséierung vu Wikipedia erfollegt duerch e ganz flexibelt Verfueren. Dëst Verfueren ass multihierarchesch a léisst méifach Zouuerdnungen zou. An der Informatik ass dëse Prinzip als Méifachverierwung bekannt. Prinzipiell kann all Auteur all Kategorie definéieren, d'Hierarchiestruktur änneren etc. Fir dass dës wënschenswert Fräiheet awer net dozou féiert, datt de Sënn vun der Kategoriséierung, daat heescht d'Fanne vun Artikelen a bestëmmte Beräicher souwéi d'Méiglechkeet vu statisteschen Aussoen letzlech nëmmi ginn ass, well de Namespace vun de Kategorie völleg chaotesch wuchert, gëllt fir d'Lëtzebuerger Wikipedia folgend Verfueren: Déi graff Struktur vun der Kategoriséierung an eenzel Haaptkategorien, Haaptopdeelungen an Artikeltypen ginn initial duerch interesséiert Benotzer am Konsens festgeluegt. Sëchergestallt muss dobäi ginn, dass statistesch Grobanalyse vun der Wikipedia zu jiddfer Zäit méiglech sinn. Dofir muss d'Unzuel vun den ieweschte Kategorie relativ begrenzt sinn. Weiderhi soll d'Uleeë vun Hierarchiestrukturen déi net funktionéieren esou schwéier ewéi méiglech gemaach ginn. Ännerungen an dëser Grobstruktur kënnen nëmme mat engen neie Konsens mat Abezéie vun de méigleche Folge geschéien. Ënnerhalb vun den Haaptkategorie leeën interesséiert Fachberäicher d'Strukture fest. Wéi genee daat gehandhabt gëtt, ass dem jeweilege Fachberäich selwer iwwerlooss. GrondprinzipD'Artikel op der Wikipedia ginn no dräi ënnerschiddleche Prinzipie kategoriséiert:
Den éischte Prinzip gëtt iwwert d'Haaptkategorie gesteiert, den zweeten iwwer d'Artikeltypen, den drëtten iwwert d'Fixéierungen. D'Kombinatioun aus dëse Merkmaler definéiert a wéieen Tirang den Artikel gestach gëtt. Sou as zum Beispill de "Josy Braun" an "Linguist" (Artikeltyp), an doriwwer eraus e Lëtzebuerger Linguist, waat hie gläichzäiteg an d'geographesch Fixéierung "Lëtzebuerg" klasséiert. Hiweiser fir AuteurenAuteuren, déi Artikel klassifizéiere wëllen, sollte w.e.g. op folgendes oppassen: Grondsätzlech sollt all Artikel zu enger oder méi Haaptkategorie gehéieren oder zu enger Souskategorie vun dëser Haaptkategorie. Wann een sech mat de Souskategorie vun engem Haaptberäich net esou genee auskennt, dann ass et am beschten, den Artikel an d'Haaptkategorie ze setzen, an d'Detailarbecht deenen z'iwwerloossen, déi sech am Fachberäich auskennen. Wéi setzen ech mäin Artikel an eng Kategorie ?En Artikel gëtt an eng Kategorie gesat, andeems Dir w.e.g. um Enn vum Artikel folgendes hischreiwt: [[Kategorie:X]] Fir Artikelen alpabetesch ze uerdnen, waat bei Personnagen unbedingt ugerode gëtt, musst Dir folgendes schreiwen: [[Kategorie:X|Y]] Als Beispill: [[Kategorie:X|May, Karl]] Fir d'Kategorie selwer ënnerdeneen opzedeelen, musst Dir nom nämlechte Prinzip verfueren. Kategorien erlaben et, Wikipedia-Artikel a bestëmmten "Tiräng" ze leeën. Am Géigesaz zu richtegen Tiräng kann en Artikel dobäi a méi wéi eng Kategorie gehéieren; d'Kategorie selwer kënnen och nees anere Kategorien zougeuerdnet ginn. Kategorie kënnen an der Wikipedia fir verschidden Zwecker agesat ginn. Méiglech Uwendungsfäll sinn:
Lëscht vun alle Kategorie-Artikel
E puer Konventiounen zu geographeschen Artikelen
|
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.