|
Article on other languages:
|
Wikipedia ass eng fräi multilingual Enzyklopedie, déi vu Fraiwëllege geschriwwe gëtt an op dem Wikikonzept baséiert. Den 20. September 2004 goufen et méi wéi 1.000.000 Säiten a bal 200 verschiddene Sproochen. E wéineg méi wéi ee Joer drop, ufanks November 2005, waren et scho méi wéi 3,7 Milliounen Artikelen a méi wéi 200 Sproochen. Déi lëtzebuergesch Versioun fannt der ënnert http://lb.wikipedia.org.
Bedeitung vum NummWikipedia besteet aus :
Urspronk vum ProjetGenee wéi Nupedia gëtt Wikipedia vun der Free Software Foundation vum Richard Stallman ënnerstëtzt. De Stallman ass eng vun de Persounen, déi als éischt d'Iddi vun enger fräier universeller Enzyklopedie vertruden hunn (liest dozou och "The Free Universal Encyclopedia and Learning Resource"). HaaptcharakteristikenDe Wikipediaprojet huet dräi Haaptcharakteristiken, déi en am World Wide Web definéieren an eenzegaarteg maachen:
D'Mataarbechter vu Wikipedia schaffen zesumme Regelen a Recommandatioune aus, fir datt de Projet gutt leeft. GeschichtlechesDe Projet gouf vum Jimmy Wales an dem Larry Sanger den 10. Januar 2001 gegrënnt. Et war am Ufank just en Deel vun Nupedia a sollt dozou dingen, d'Nupedia mat Contenu vu baussen ze fidderen. Well d'Kommautéit vun Nupedia awer staark Oppositioun géint deen oppene Projet gemat huet, ass e schonn no e puer Deeg, de 15. Januar 2001, ënnert dem Numm Wikipedia op eng eegen Internetsäit geplënnert. De Larry Sanger huet dat éischt Joer déi englesch Versioun geleet. E puer Méint drop sinn dunn déi éischt Wikipediaen an aner Sproochen entstanen. Den Ufank huet de 16. Mäerz 2001 déi katalanesch Wikipedia gemat. Aner Projeten am Zesummenhank mat Wikipedia:
Den 20. Juni 2003 gouf d'Fondatioun Wikimedia (http://wikimediafoundation.org) gegrënnt, fir déi verschidde Projete vu Wikipedia ze geréieren an ze finanzéieren. Eng Pabeier/CD-ROM Versioun gouf am August 2003 vum Jimbo Wales proposéiert. Liest heizou w:User:Jimbo Wales/Pushing To 1.0. Den 21. Juli 2004 ass déi lëtzebuergesch Versioun vun der Wikipedia aus der Daf gehuewe ginn. MataarbechterU Wikipedia schaffen dagdeeglech eng grouss Unzuel vu User, Wikipedianer genannt. Et gëtt eigentlech kee richtege "Chef" vu Wikipedia. Während 13 Méint gouf de Larry Sanger vu Bomis, der Firma vum Jimbo Wales, als Chefredakter vun der englescher Wikipedia bezuelt. Am Februar 2002 huet hien demissionnéiert. Aktuell a fréier Mataarbechter vu Bomis schaffen um Projet mat, sou z.B. den Tim Shell fir d'Enzyklopedie oder den Jason Richey an den Toan Vo als Developpeuren. Technesch AspekterWikipedia a seng Parallel-Projete si fräi WikiWikiWebs. D'Wikien sinn dynamesch Websäiten, wou all Visiteur d'Säit déi e grad liest modifizéiere kann. De WikiWiki ass nach méi einfach wéi HTML. Op Wikipedia kann all Mensch säi Pefferkär zu engem Artikel bäidroen, Feeler verbesseren an zesumme mat aneren u kniwwelegen Theme schaffen. De kompletten Historique vun de Kontributioune bleift ëmmer gespäichert. Wikipedia funktionnéiert mam fräie Logiciel MediaWiki. Déi verschidde WikipediaenAm Mee 2008 gëtt et Wikipedia an 264 Sproochen. 154 dovunner hu méi wéi 1.000 Artikelen an 20 hunn der méi wéi 100.000 Artikelen. D'Versioune mat de meeschten Artikele sinn déi engleschsproocheg (2.259.431), déi däitsch (715.830), déi franséisch (629.004), déi polnesch (475.566) an déi japanesch (472.691) (Stand 1. Mäerz 2008). Kuckt heizou och déi komplett Lëscht vu Wikipediaen. D'Datebank erofluedenAll d'Datebanke kënnen hei erofgeluede ginn: http://download.wikipedia.org
More about Wikipedia: wikipedia english, wikipedia free encyclopedia, naruto wikipedia, prince wikipedia, anna nicole smith wikipedia, wikipedia in english, encyclopedia free home page wikipedia, 2006 encyclopedia wikipedia, wikipedia español, |
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.