|
Article on other languages:
|
D'Wierbeldéieren stame vun engem Virleefer of, dee bannen a sengem Kierper eng Stäipstaang, "Chorda" hat. Dës Staang huet sech am Laf vun der Evolutioun zu der Wierbelsail ëmgebilt an esou e ganz neie Kierperbau erméiglecht. Aus deenen éischte Prototypen sinn d'Fësch entstanen. Aus enger Linn vun hinnen hu sech d'Amphibien gebilt an duerno d'Urreptiller, déi sëch a verschidde Gruppe weiderentwéckelt hunn. Zu hinne gehéieren d'Schlangen an d'Bréckenechsen, déi et och haut nach gëtt, genee esou wéi och die ausgestuerwe Mieres- a Fluchsaurier an d'Dinosaurier, deenen hir Nokommen d'Vulle sinn. Aus enger vun deene Reptillelinne (fr.: reptiles mammaliens) sinn d'Mamendéieren entstanen, déi sech hirersäits nees a vill verschidde Gruppe weiderentwéckelt hunn. Déi modern Mamendéiere si vun de Fuerscher an dräi grouss Gruppen ënnerdeelt ginn: d'Mamendéieren déi Eeër leen (z.B. d'Schnieweldéier), Beidelmamendéieren (z.B. Känguru) an d'Plazentadéieren, zu deenen och de Mënsch zielt. Systematik
|
||||||||||||||||||||||||
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.