|
Article on other languages:
|
D'UNESCO-Lëscht vun der Weltierfschaft, WORLD HERITAGE, besteet aus der Weltkulturierfschaft an der Weltnaturierfschaft. Am Ganzen ëmfaasst se 788 Denkmäler an 134 Länner. Dovu sinn 611 Kulturdenkmäler (K) an 154 Naturdenkmäler (N), 23 Denkmäler gehéieren sowuel zur Kultur- wéi zur Naturierfschaft. D'UNO Ënnerorganisatioun ënnerstëtzt bei de genannten Monumenter d'Protektioun an d'Restauratioun duerch materiell an wëssenschaftlech Hëllef. D'Grondlag dozou ass eng UNESCO-Konventioun fir d’Protektioun, déi 1972 zu Stockholm ausgeschafft gouf. Se ass 1975 a Kraaft getrueden. Fir an déi Lëscht opgeholl ze ginn, muss wéinegstens ee vun dëse Critèren erfëllt sinn:
D'Iddi fir dëse Projet koum duerch en Opruff vun der UNESCO vum 8. Mäerz 1960, fir déi Monumenter ze retten, déi duerch de Bau vum Assuan-Staudamm vum Nil zerstéiert gi wiren. Eemol d'Joer, normalerweis Ufanks Juli, gesäit sech den UNESCO World Heritage Commitee, fir doriwwer ofzestëmmen, wat nach op d'Lëscht komme kéint. Op d'Rout Lëscht vun der Kulturierfschaft gi besonnësch menacéiert Objeten opgeholl, zuguer wann den zoustännege Staat keng Demande gemaach huet. Zënter 2004 stinn op deeër Lëscht 35 Denkmäler. De Begrëff vun der kultureller Ierfschaft ("héritage") geet op den Henri-Baptiste Grégoire zréck, deen am 18. Joerhonnert Bëschof vu Blois war, an ass schonn de 14. Mee 1954 an der Haager Konventioun definéiert, déi vun den USA net ënnerschriwwe gouf.
Kuckt och
|
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.