|
Article on other languages: |
Wantergréng gëtt et an Nordafrika, op de Kanareschen Inselen, op den Azoren, op Madeira, an Europa, a China, am Himalaya an a Japan. D'Blieder kënne ganz sinn oder dräi bis fënnef Läppercher hunn. Wann d'Wantergréng jonk ass krécht et iwwer de Buedem, oder klëmmt laanscht alles erop wou et eng Upak fënnt, a seng Blieder si gedeelt. Et mécht an der Jugend och Adventivwuerzelen. Am Alter bilt et Träisch an et mécht kléng Bléien déi gréngelzech-giel sinn. D'Friichten hunn d'Form vu klénge Bullen, déi en Duerchmiesser vu 4 bis 7 Millimeter hunn, déi vun de Vullen am Wanter gären als Fudder geholl ginn. Friichte kënne schwaarz, oder heiansdo och orangefaarweg bis giel sinn. Vum gemenge Wantergréng (Hedera helix) goufe vill Kultivare gezillt. D'Wantergréng ka beim Kontakt d'Ursaach vun Hautentzündungen an Allergie sinn. Bekanntsten Zorten
|
||||||||||||||||||||||||||||||||
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.