|
Article on other languages:
|
D'Volleksrepublik China as ee Land an Asien, wat dofir bekannt ass, datt et am Moment déi gréissten Awunnerzuel vun der Welt huet. D'Haaptstaadt, Peking (Beijing), läit no un der Ostküst vu China. Déi ëstlich Regioune vum Land gëllen als "special economic zones", wou d'Maartwirtschaft erlaabt a gefërdert ass. Ee ganz groussen Deel vum Land funktionnéiert awer nach nom ale System: Eng Aart kommunistesch Diktatur wou (bal) alles dem Staat gehéiert.
BevëlkerungNo der der Grëndung vu der Volleksrepublik am Joer 1949 hunn a China méi oder wéineger 540 Milliounen Mënschen geliewt. An den 1950er Joren ass hier Zuel, trotz niddrëger Liewenserwardung, staark gewuess. Richt vum Enn vun de fofzeger Joren unn, huet d'Opfassung sech duerchgesat, des Ëntwëcklung misst gebremst ginn. Vun do unn ass lues a lues, ouni ze zécken, op Methoden vun der Gebuertenkontroll zeréckgegraff ginn. No der Kulturrevolution goufen d'Mesuren am Intérët vun der Gebuertenkontroll zousätzlech verstierkt, an zwar am Interesse vun enger positiver Wirtschaftsëntwëcklung, déi, no chineesescher Meenung, duerch engt ze séiert Wuessen vun der Populatioun a Fro gestallt gët. Hei drënner ass en Tableau mat der Ëntwëcklung vun der chineesëscher Bevëlkerung vun 1950 bis 2050. D'Zuelen vun 2010 bis 2050 si geschat:
Dës Donneeën baséieren op folgender Quell: [1] Gréisser StiedKuckt och: Lëscht vun de chinesesche Groussstied. Uertschaften an Plazen, wou den Tourismus bléitGeschichtHaaptartikel: Geschicht vu China Wéi de Zweete Weltkrich riwwer war, ass och de chineesësche Biergerkrich tëschent der Kommunistëscher Partei vu China an dem Kuomitang sengem Enn entgéint gang. Dat war duerop ze féieren, datt d'Kommunisten dunn dat ganzt Festland kontrolléiert hunn an dat de Kuomingtan zu Taiwan, wuer de Kuomingtan virdru geflücht war, Här a Meeschter ginn ass. Den 1. Oktober 1949 huet dunn de Mao Zedong d'Vollksrepublik China proclaméiert an e kommunistëschen Stat gegrënnt. D'chineesësch Onofhängegkeet war domat rëm hiergestallt mee vill Milliounen Mënschen sinn duerch dat Geschéihen ëmkom, wéi zum Beispill beim groussen Sprong no vier oder spéider bei der Kulturrevolutioun. Nom Doud vum Mao huet den Deng Xiaoping, dee méi pragmatedsch virgang ass, d'Heft an d'Hand geholl. D'Kommunistesch Partei ass zwar um Rudder bliew, mee d'Kontroll iwwert dat perséinlecht Liewen vu de Leit gouf manner staark. Um politëschen Plang huet dat sech manner bemierkbar gemeet, iewer d'Zentralverwaltungswirtschaft gouf Schratt fir Schratt gelockert an de Wee no enger sozialistescher Maartwirtschaft gesicht. Dat verhënnert nët, dat d'Noperen vu China an och déi westlech demokratesch Länner China weiderhin als autoritär Diktatur ugekucken. GeographieKlimaPolitikEconomieKulturMusek
ReliounDaoisten (Taoisten), Buddhisten, Moslemen 1%-2%, Chrëschten 3%-4% (Schätzung:2002 ); Bemierkung: Offiziell ginn d'Chineesen als Atheisten bezeechent Literatur zum ThemaLinkenKuckt ochUm SpaweckAfghanistan - Armenien - Aserbaidschan - Bahrain - Bangladesch - Bhutan - Brunei - Taiwan - China - Demokratesch Volleksrepublik Korea - Georgien - Indien - Indonesien - Irak - Iran - Israel - Japan - Jemen - Jordanien - Kambodscha - Kasachstan - Katar - Kirgisistan - Kuwait - Laos - Libanon - Malaysia - Malediven - Mongolei - Myanmar - Nepal - Oman - Pakistan - Palästina - Philippinen - Republik Korea - Russland - Saudi-Arabien - Singapur - Sri Lanka - Syrien - Tadschikistan - Thailand - Timor-Leste - Turkmenistan - Tierkei - Usbekistan - Vereenegt Arabesch Emirater - Vietnam - Zypern
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.