Virgeschicht

Article on other languages:

D''Virgeschicht oder Urgeschicht ass de längsten Deel (méi wéi 99%) vun der Menschheetsgeschicht. Eigentlech ass de Begrëff Virgeschicht absurd well ët keng Geschicht vrun der Geschicht gëtt. Trotzdem ass en duerch d'Forschung kloer definéiert. Traditionnell fänkt d'Virgeschicht mam éischte Geschir aus Steen virun ongeféier 2,5 Millione Joren un, an hält beim Opdauche vun den éischte Schrëften op, dem Ufank vun der Protogeschicht. Et ass dann och verständlech datt dës Datatioun weltwäit verschidden ass.

Vum Ufank vun der Menschheet bis zur Aféierung vun der Metallurgie (an Mëtteleuropa vrun ronn 4000 Joer) nennen mir d'Steenzäit. A Mëtteleuropa ginn als éischt Koffer, dann Bronze a schliisslech Eise verschafft. An anere Regiounen feelen Koffer- an/ oder Bronzezäit.

Um Spaweck

Literatur zum Thema

  • Martin Kuckenberg, Vom Steinzeitlager zur Keltenstadt - Siedlungen der Vorgeschichte in Deutschland, Konrad Theiss Verlag, Stuttgart, 2000.

This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.