Ungarn

Article on other languages:


Dëse Geographiesartikel zu Ungarn ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Magyar Köztársaság

Fändel vun Ungarn

Wope vun Ungarn

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Ungaresch
Haaptstad: Budapest
Staatsform: Parlamentaresch Republik
 • President: László Sólyom
 • Premierminister: Ferenc Gyurcsány
Fläch: 93 036 km²
Bevëlkerung: 10 053 000 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 108/km²
Onofhängegkeet: 31. Oktober 1918
Nationalfeierdag: 21. Juli
Nationalhymn: Himnusz
(Lauschteren)
Währung: Forint
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .hu
International Virwahl: +36

Ungarn (ungaresch: Magyarország) ass eng Republik am Südoste vu Mëtteleuropa. D'Land grenzt am Norden un d'Slowakei, am Nordosten un d'Ukrain, am Osten u Rumänien an am Süden u Serbien, Kroatien a Slowenien. Am Westen ass Éisträich de Noper. Ungarn ass Member vun der OECD, der NATO an der Europäescher Unioun.

D'Haaptstad an anengems och déi gréisst Stad am Land ass Budapest.

Inhaltsverzeechnis

Geographie

D'Puszta, eng typesch ungaresch Steppelandschaft, hëlt e groussen Deel vum Land an.

Den héchste Bierg ass de Kékes (1014 m).

Grouss Flëss an Ungarn sinn d'Donau, d'Tisza, d'Drava, d'Mura, d'Zala, a d'Körös.

Déi greisste Séien sinn de Balaton, d'Fertö tó an d'Velencei tó.

Sprooch

Ungaresch ass eng Finno-Ugresch Sprooch an domatter eng vun de manne Sproochen an Europa déi keng indoeuropäesch Wuerzelen huet. Dofir ass se dann och fir Mammesproochler aus dem indoeuropäesche Raum relativ schwéier ze léieren.

Ungaresch gläicht dem Finneschen an Estneschen, allebéid finno-ugresch Sproochen, just e bëssen um Niveau vun der Grammaire.

Notizen a Referenzen

  1. Geschat fir 2007 vum Ungaresche Büro fir Statistik (KSH)

Um Spaweck

Commons: Ungarn – Biller, Videoen oder Audiodateien

More about Ungarn: asterope ferienhaus ungarn, asterope fewo ungarn, asterope ferienwohnung ungarn, zahnarzt ungarn, asterope pension ungarn, zahnbehandlung ungarn, immobilien ungarn, ungarn balaton, gruppenreise ungarn,

This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.