De Meteorological Aviation Routine Weather Report, besser bekannt ënnert dem AkronymMETAR, ass eng standardiséiert Meldung iwwert déi aktuell Wiederobservatioun vun engem Fluchhafen.
En enthält op jidder Fall den ICAO-Code vum jeeweilege Fluchhafen an den Observatiounszäitpunkt. Ausserdem kënnen nach Wandrichtung, Temperatur, Siichtweit, Loftdrock a Wollekeformatioun an aner Informatiounen dran enthale sinn.
De METAR gëtt all 30 Minuten erstallt an huet eng Gëltegkeet fir 2 Stonnen, speziell Bulletinën, genannt "SPECI" (SPECIal), ginn nëmmen erstallt, wa sech ee vun de Parameteren drastesch ännert.
METAR - ICAO-Code vum Fluchhafen - Dag an Zeit (UTC) vun der Meldung - AUTO (optional)- Wandrichtung a -vitesse - Landebunnsiichtwäit - Wieder - Bewölkung - Temperatur an Dapunkt - Loftdrock - Remarken
Opbau vun enger METAR-Meldung
Dëst Beispill ass eng METAR-Meldung vum Findel no den WMO-Richtlinnen an ass erstallt ginn den 11. September 2007 emm 15:50 UTC:
METAR weist un, datt dëst eng standardiséiert Meldung ass
KJFK ass den ICAO-Code vum John F. Kennedy Fluchhafen zu New York
151051Z weist den Datum an d'Zäit vun der Meldung, an dësem Beispill de 15. vum Mount um 10:51 UTC
35003KT weist d'Wandrichtung (350 Grad oder Nord) an d'Wandvitesse 3 Kniet oder 5 km/h
6SM weist, datt d'Siicht um Fluchhafe a Moment 6 Statute Mile oder 10 km bedréit
BR weist, datt am Moment Donst um Fluchhafen ass
FEW005 weist, datt den Himmel 1-2 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vu 500 Fouss iwwer dem Gronn
SCT015 weist, datt den Himmel 3-4 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vu 1500 Fouss iwwer dem Gronn
OVC095 weist, datt den Himmel 8 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vun 9500 Fouss iwwer dem Gronn
18/16 weist d'Temperatur (18°C) an den Dapunkt (16°C) un
A2983 weist de Loftdrock op der Statioun un (29,83 inch oder 1010 hPa), den "A" steet fir Altimeter
Déi folgend Parametere gehéieren net zum WMO-Standard a sinn an Amerika zimmlech heefeg verbreet:
RMK weist, datt elo d'Remarken als nächst kommen
A02 weist un, datt dës Statioun en automatesche Reensensor huet. Den "AO" steet fir Automated Observation
RAE29 weist un, datt de Reen ëm 10:29 UTC opgehalen huet. Den "RAE" steet fir Rain Ending
SLP102 weist un, datt de Loftdrock op der Statioun 1010,2 hPa ass. Den "SLP" steet fir Sea Level Pressure
P0002 weist, wéivill Reen zënter dem leschte METAR Report gefall ass, an dësem Fall sinn 0,02 Inch oder 0,5 mm gefall. De "P" steet fir Precipitation (Nidderschlag).
T01780161 weist déi genau Temperatur an den genauen Dapunkt, an dësem Fall ass d'Temperatur 17,8°C an den Dapunkt 16,1°C. Sin d'Temperaturen am positive Beräich, steet eng "0" virdrun, negativ Temperature gi mat enger "1" gekennzeechent.
= bedeit, datt de METAR zu Enn ass
Wandinformatioun
De Wand an engem METAR gëtt a Kniet ugewiesen, manner geleefeg si Meter pro Sekonn a Kilometer pro Stonn. Bei guer kengem Wand gëtt als Wandrichtung 0 Grad ugin. Kënnt de Wand aus ënnerschiddleche Richtungen gëtt als Wanddirectioun "VRB" (Variabel) uginn, ausser wann d'Directioun sech méi wéi 60° ännert ginn déi béid Richtungen duerch e "V" getrennt. Wandstéiss ginn duerch en "G" (englesch fir Gusts) gekennzeechent.
Beispill
Erklärung
29010KT
Wanddirectioun: 290°, Vitesse:10 Kniet
00000KT
Guer kee Wand
29010G30KT
Wanddirectioun: 290°, Vitesse: 10 Kniet, Wandstéiss mat 30 Kniet
VRB05KT
Verännerlech Wanddirectioun, Vitesse: 5 Kniet
29010KT 210V310
Haaptwanddirectioun: 290°, Vitesse: 10 Kniet, dréint tëscht 210° an 310°, d'Variatioun gëtt nëmmen ugi wann d'Directioun méi wéi 60° ännert.
Siichtwäit
D'Siichtwäit gëtt ëmmer véierstelleg a Meter ugewiesen. Ass d'Siichtwäit 10 km oder driwwer gëtt dat mat véier Néngtercher uginn. Siichtwäiten ënner 50 m ginn als "0000" ugewisen. Wa CAVOK an engem METAR ugewisen gett, entfaalen d'Siicht - a Wollekeninformatiounen.
Beispill
Erklärung
0000
Siichtwäit enner 50 m
0300
Siichtwäit 300 m
5000
Siichtwäit 5 km
9999
Siichtwäit 10 km oder driwwer
D'Pistesichtwäit (RVR - Runway Visual Range) gëtt nëmmen uginn, wann d'Siicht entweder op der Statioun selwer ënner 1500 m läit oder op eng vun de Landebunnen. Dobei gëtt d'Nummer vun der Landebunn, d'Siichtwäit an d'Tendenz ugewisen. Bei der Tendenz sinn 3 Parametere méiglech: N (No Change), U (Upward) an D (Downward)
Beispill
Erklärung
R24/250N
D'Siicht op der Piste Nummer 24 bedréit 250 m an huet wärend de leschten 10 Minuten net changéiert
R31/100D
D'Siicht op der Piste Nummer 31 bedréit 100 m an huet sech wärend de leschten 10 Minuten verschlechtert
R18/800U
D'Siicht op der Piste Nummer 18 bedréit 800 m an huet sech wärend de leschten 10 Minuten verbessert
R17/400V800
D'Siicht op der Piste Nummer 17 schwankt teschend 400 an 800 m
Wiederzoustand
De Wiederzoustand gëtt mat folgenden Textbausteng duergestallt:
Wetter (FMH-1 HANDBOOK)
Qualifier
Weather Phenomena
INTENSITY OR PROXIMITY
DESCRIPTOR
PRECIPITATION
OBSCURATION
OTHER
-
Light
Moderate (see note 2)
+
Heavy
VC
In the Vicinity (see note 4)
MI
Shallow
PR
Partial
BC
Patches
DR
Low Drifting
BL
Blowing
SH
Shower(s)
TS
Thunderstorm
FZ
Freezing
DZ
Drizzle
RA
Rain
SN
Snow
SG
Snow Grain
IC
Ice Crystals
PL
Ice Pellets
GR
Hail
GS
Small Hail and/or Snow Pellets
UP
Unknown Precipitation
BR
Mist
FG
Fog
FU
Smoke
VA
Volcanic Ash
DU
Widespread Dust
SA
Sand
HZ
Haze
PY
Spray
PO
Well-Developed Dust/Sand Whirls
SQ
Squalls
FC
Funnel Cloud Tornado Waterspout (see note 3)
SS
Sandstorm
DS
Duststorm
1.
The weather groups shall be constructed by considering columns 1 to 5 in the table above in sequence, i.e. intensity, followed by description, followed by weather phenomena, e.g. heavy rain shower(s) is coded as +SHRA
2.
To denote moderate intensity no entry or symbol is used.
3.
Tornados and waterspouts shall be coded as +FC.
4.
The location of weather phenomena shall be reported as "in the vicinity of the station" when between 5 and 10 statute miles of the point(s) of observation.
Bewölkung
D'Bewölkung gett mat folgenden Ofkierzungen am engem METAR definéiert:
Ofkierzung
Komplett Bezeechnung
Erklärung
SKC
Sky Clear
0 Aachtel
FEW
Few
1-2 Aachtel
SCT
Scattered
3-4 Aachtel
BKN
Broken
5-7 Aachtel
OVC
Overcast
8 Aachtel
Ausserdeem kennen an engem METAR folgend Ofkierzungen optrieden:
CLR (Clear): 0 Aachtel Wolleken ënner 12000 Fouss (Miessung duerch automatesch Statiounen).
NSC (No Significant Clouds): d'Wolleken iwwer 5000 Fouss gin ignoréiert sou laang et sech net emm Wiederwolleken (CB, TCU) handelt.
NSW (No Significant Weather): gett uginn wann e signifikant Wiederphänomen zu Enn ass
CAVOK (Clouds And Visibility OK), keng Wolleken enner 5000 Fouss, d'Siichtweit iwwer 10 km, keen Cumulonimbus, a keng besonnesch Wiederphänomener ze verzeechnen sin.
D'Héicht vun der Wollekenennergrenz gett a Fouss ugewisen. Zousätzlech kennen 2 Arten vu Wolleken an engem METAR stoen:
Ofkierzung
Erklärung
TCU
Towering Cumulus
CB
Cumulonimbus
Am Fall vu Niwwel, wou keng Wolleken erkennbar sin, gett d'Vertikalsiicht als Code VV ugin. Si gett, wéi d'Wolleken och, a Fouss ugin. Ass keng Vertikalsiicht erkennbar gett VV/// ugin.
Loftdrock
De Loftdrock gëtt ëmmer véierstelleg duergestallt. D'Eenheet ass entweder Hectopascal oder Inch.
Beispill
Erklärung
Q1030
QNH=1030 hPa
A3020
QNH=30,20 Inch
Wiederprévisioun
Deen sougenannten TREND enthält eng Prévisioun fir déi nächst 2 Stonnen. Dobei sin 3 Parameter'en méiglech: NOSIG, TEMPO a BECMG:
Code
Komplett Bezeechnung
Erklärung
NOSIG
No Significant Change
Keng nohalteg Ännerungen ze erwoarden
BECMG
Becoming
Hannert dësem Code gin déi nohalteg Wiederännerungen opgezielt
TEMPO
Temporary
Hannert dësem Code gin déi temporaire Wiederännerungen opgezielt
Ausserdem kënnen, wann d'Ännerung ënnerhalb engem bestemmten Zaitpunkt erwaord gett, 3 aaner Parameter'en ugi sin. Déi véierstelleg Auerzeit gett dann hannendru gesaat.
Code
Komplett Bezeechnung
Erklärung
FM1900
From 19:00 UTC
Ännerungen gin ab 19:00 UTC erwoard
TL1250
Till 12:50 UTC
Ännerungen gin bis 12:50 UTC erwoard
AT0900
At 09:00 UTC
Ännerungen gin um 9:00 UTC erwoard
Zousätzlech Informatiounen
Niirwt den Standart-Parameter'en kënnen an engem METAR nach zousätzlech Informatiounen agedroen gin, wéi Pistenzoustand, rezent Wiederphänomener oder Wandscherung um Fluchhafen.
Code
Komplett Bezeechnung
Erklärung
RETSGR
Recent Thunderstorm with Hail
Während der leschter hallef Stonn ass e Wieder mat Knëppelsteng opgedrueden