Irak

Article on other languages:

del.icio.us del.icio.us
Digg Digg
Furl Furl
Reddit Reddit
Rojo Rojo
Add to OnlyWire


Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


الجمهورية العراقية

al-Dschumhūriyya al-Irāqiyya (arab.)
کۆماری عێراق
Republik Irak

Fändel vum Irak

Wope vum Irak

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Arabesch - Kurdesch
Haaptstad: Bagdad
Staatsform: Republik
Fläch: 438.317 km²
Bevëlkerung: 26.074.906 (2005)

Den Irak ass e Staat am Weste vun Asien. E grenzt u Kuwait, Saudi-Arabien, Jordanien, Syrien, d’Tierkei, den Iran an de Persesche Golf an ëmfaasst dobäi dee gréissten Deel vun dem tëscht Euphrat an Tigris geleenen "Zweestroumland" Mesopotamien, an deem déi fréisten Héichkulturen am westlechen Deel vun Asien entstane sinn, souwéi Deeler vun den ugrenzende Bierg- a Wüstergioune. E gët zu de Maschrek-Staate gezielt.

Den Irak ass zënter dem Irakkrich 2003 ënnert militärescher Okkupatioun duerch Truppe vun enger internationaler Koalitioun an ass fir de Moment nëmmen als deelsouverän ze betruechten. D’Zréckkommen zu gefestegte staatlechen Strukturen ass nach net duerchgehend verwierklecht.

Geographie

Populatioun a Relioun

Den Irak huet no eegenen Angaben ca. 26 Mio. Awunner. Déi zentral Provënze Bagdad a Babylon sinn am dichteste bewunnt. Ongeféier 75-80% vun der Populatioun sin Araber, 15-20% si Kurden, an déi lescht 5% sin ënnert anerem Turkmenen, Chaldo-Assyrer, Yeziden, Armenier a Sabäer.

Iwwer 97% vun der Populatioun ass muslimesch. Dovu si ronn 60% Schiiten a 35% Sunniten. E groussen Deel vun de Kurde sinn och sunnitesch. Da liewen am Irak nach schätzungsweis 50.000 bis 60.000 Yeziden. Nieft de béiden Haaptrichtunge vum Islam hu sech eng ganz reih alorientalesch Reliounen erhal (Jesiden, Mandäer). Et gët Membere vum orientalesch-chrëschtleche Glaawen:Chaldäesch-Kathoulesch Kierch, Assyresch Kierch aus dem Osten, Al-Apostoulesch Kierch aus dem Osten, Gregorianer, réimesch a syresch Katholiken, armenesch Chrëschten, Aalsyresch-Orthodox asw. (am ganzen 2 % vun der Gesamtpopulatioun). Am Irak liewen ausserdem nach no de Verdreiwungen a Massemorden ë.a. am Kader vun der "Anfal-Kampagne" nach schätzungsweis 2.500 Judden an am Südosten 20.000 - 50.000 Marsch-Araber.

Geschicht

20. Joerhonnert

Saddam Hussein

Invasioun vun den USA an Alliéierten


More about Irak: irak war, guerra en irak, guerra de irak, irak maliki, irak kurtlar vadisi, guerra irak, video de irak, besler irak maskeli, bombe irak krieg,

This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.