|
Article on other languages:
|
D'Republik Indien läit um asiatesche Kontinent.
GeschichtVirgeschicht a klassesch EpochD'Zivilisatioun am Dall vum Indus, gréisstendeels am haitege Pakistan, war eng vun den éischten Héichkulturen op der Welt, mat enger eegener Schrëft, der Indus-Schrëft, déi bis ewell net entziffert konnt ginn. Géint 2500 v. Chr. gouf et do schonns Stied, déi no Plang gebaut waren, ewéi Harappa, wou et eng Kanalisatioun, e Mierhafen a Bieder gouf. Méi wäit am Osten huet sech déi sougenannte Copper Hoard Culture entwéckelt. Vu 1700 v. Chr. un ass d'Indus-Kultur lues a lues zerfall, firwat, ass net gewosst. Eng wichteg Epoch war d'Veda-Zäit (ongeféier 1500 v. Chr. bis 500 v. Chr.), an där d'Fëllementer vun der haiteger Kultur geluecht goufen. Um Enn vun der Veda-Zäit goufen d'Upanishade geschafen, déi a villerlee Hisiicht d'Basis si vun den 3 Reliounen, déi an Indien entstane sinn, nämlech dem Hinduismus, dem Buddhismus an dem Jainismus. An där Zäit goufen och d'Ganges-Uwänner urbaniséiert a regional Kinnekräicher, wéi dat vu Magadha sinn entstanen. Vum 6. Joerhonnert v. Chr. un huet sech de Buddhismus ausgebreet, dee ronn 500 Joer laang nieft dem Hinduismus déi wichtegst reliéis-philosophesch Stréimung war. Am 4. Joerhonnert v. Chr. ass ënner der Dynastie vun de Maurya fir d'éischte Kéier en indescht Groussräich entstanen, dat ënner dem Ashoka bal dee ganze Subkontinent abegraff huet. Nodeems en eng Rëtsch Eruewerunge gemaach hat, huet den Ashoka sech dru ginn, de Buddhismus am eegene Land, mee och op Sri Lanka an a Birma ze verbreeden. No sengem Doud ass d'Maurya-Räich lues a lues nees an eng Abberzuel Klengstaaten zerfall, déi eréischt am 4. Joerhonnert n. Chr. vun de Gupta nees zu engem Groussräich an Nordindien vereent konnte ginn. Indien hat, duerch de Buddhismus, e wesentleche kulturellen Afloss op déi ganz Géigend vun Zentral- an Ostasien. D'Verbreede vum Hinduismus a vum Buddhismus iwwer Indochina bis an dat haitegt Indonesien huet der Kultur vun deene Länner säi Stempel opgedréckt. Den Harshavardhana, deem seng Herrschaft an Nordindien am 7. Joerhonnert den Iwwergank zum indesche Mëttelalter markéiert, gëllt als dee leschte grousse Fërderer vum Buddhismus an Indien. D'indescht Mëttelalter an d'Zäit vum MogulräichAm 8. Joerhonnert koum duerch arabesch Eruewerungen den Islam an Nordindien. Mee eréischt am 12. Joerhonnert koum et no der Eruewerung vun zentralasiateschen islamesche Miecht zu enger Dominanz vu muslimesche Staaten am Norden an zu der Islamiséierung vu groussen Deeler vun der Populatioun vun do. D'Sultanat vun Delhi huet seng Muecht souguer eng kuerz säit an de Süde kënnen ausbreeden, säi kulturellen Afloss blouf awer op den Norde begrenzt. Duerch den Iwwerfall vun de Mongolen am Joer 1398 gouf d'Sultanat esou geschwächt, dass déi hinduistesch Regionalräicher nees méi staark goufen. Eréischt am 16. Joerhonnert, mat der Grënnung vum Mogulräich, kunnten déi islamesch Herrscher sech nees am Norden duersetzen. D'Mogulräich hat ronn 200 Joer, bis 1857 Bestand. Bekannten Herrscher wéi den Akbar, de Jahangir, de Shah Jahan an den Aurangzeb hunn d'Räich net nëmme bis an Dekkan vergréisset, mee hunn och e Staatswiesen an eng Administratioun geschafen, déi fonctionnéiert huet, an se hunn d'Konschte gefërdert. Zu deer Zäit gouf et just nach am Süden hinduistesch Kinnekräicher, wéi dat vu Vijayanagar. Europäesch Kolonialherrschaft an OnofhängegkeetsbeweegungVu 1505 un hunn europäesch Länner, Portugal als éischt, domat ugefaang, kleng Stëtzpunkte laangscht d'Küst ze erueweren (vgl. Portugisesch-Indien). Vu 1756 un huet déi britesch Ostindien-Kompanie (British East India Company) vun hiren Hafenstëtzpunkte Kalkutta, Madras a Bombay aus wäit Deeler vun Indien ënnert hir Herrschaft bruecht. Den Afloss vun Holland, Frankräich oder Portugal gouf dobäi bal ganz iwwerdubbert. Fürsten, déi loyal waren, hu Staate mat begrenzter Souveränität kënne behalen, wéi Hyderabad, Bhopal, Mysore oder Kaschmir. 1857/58 hunn Deeler vun der Bevëlkerung vun Nordindien sech am Sepoy-Opstand géint d'Herrschaft vun der Ostindien-Kompanie revoltéiert. Nodeems des Revolt néiergeschloe gi war, gouf d'Ostindien-Kompanie opgeléist an Indien koum ënnert d'direkt Kontroll vu Groussbritannien. Déi britesch Monarchen hate vun 1877 bis 1947 zousätzlech den Titel Empress of India resp. Emperor of India (Keeser(in) vun Indien). 1885 gouf zu Bombay den Indian National Congress, déi sougenannt Kongresspartei, gegrënnt. Ufanks huet si net d'Onofhängegkeet vun Indien gefuerdert, mee just d'Recht fir d'Bevëlkerung, matschwätzen ze kënnen. Hir Membere waren an der Majoritéit Hinduen a Parsen. Déi muslimesch Uewerschicht huet sech dozou op Distanz gehalen. Hire Porte-parole, de Sayyid Ahmad Khan huet gefaart, dass, wann d'Majoritéitsprinzip agefouert géif, si aus der Administratioun erausgediregelt géifen. Dofir gouf 1906 d'Muslimliga gegrënnt, fir d'Intressie vun de Muslimen ze representéieren. Am Éischte Weltkrich war de gréissten Deel vun der Populatioun loyal. Mee well d'Briten bei der Opdeelung vum Osmanesche Räich mat derbäi waren, hunn elo och vill Mosleme sech der Onofhängegkeetsbeweegung ugeschloss. Jorelaang Resistenz ouni Gewalt géint déi britesch Kolonialherrschaft, virun allem ënnert dem Mahatma Gandhi an dem Jawaharlal Nehru, huet 1947 zu der Onofhängegkeet gefouert. Déi selwescht Zäit hunn d'Briten hir Kolonie Britesch-Indien an zwee Staate gedeelt, déi säkular Indesch Unioun an déi méi kleng Islamesch Republik Pakistan. Domatter hu se d'Fuerderungen vun der Muslimliga an deer hirem Chef Ali Jinnah erfëllt, déi zënter den 1930er Joeren ëmmer méi staark goufen, an déi en eegenen Nationalstaat wollten. Entwécklungen zënter der OnofhängegkeetDës Deelung huet zu enger vun de gréisste Verdreiwungen, resp. Fluchte vun der Geschicht gefouert. Ronn 10 Milliounen Hinduen a Sikhe goufen aus dem Pakistan verdriwwen, a ronn 7 Millioune Moslemen aus Indien. 750.000 bis eng Millioun Mënsche sinn dobäi ëm d'Liewe komm. D'Fürstestaaten déi duerch Schutz-Traitéë mat Groussbritannie verbonne waren, hate scho virun der Onofhängegkeet hire Bäitrett zu der Indescher Unioun erkläert. Just zwee hu Probleemer gemaach: Hyderabad a Kaschmir. Am Kaschmir huet de Maharaja, en Hindu, ufanks gezéckt. Nodeems muslimesch Kämfer a säi Land koumen, huet hie sech dach fir en Uschloss un Indine decidéiert. Pakistan huet dat als net rechtméisseg betruecht, sou dass et zum Éischten Indesch-Pakistanesche Krich ëm de Kaschmir (1947 bis 1949) koum. Zënterhir gloust an deeër Géigend de Kaschmir-Konflikt, deen 1965 den Zweeten Indesch-Pakistanesche Krich an 1999 de Kargil-Krich als Folleg hat. De 26. November 1949 ass Indien dem Commonwealth of Nations bäigetrueden an de 26. Januar 1950 ass d'Verfassung a Kraaft getrueden, duerch déi Indien zu enger Republik gouf. 1962 koum et, wéinst Grenzstreidereien, zu engem kuerze Krich mat der Volleksrepublik China, dem sougenannten Indesch-Chinesesche Grenzkrich. Well Indien eng Onofhängegkeetsbeweegung am deemolegen Ost-Pakistan ënnestëtzt huet, koum et 1971 zu engem drëtte Krich tëscht Indien a Pakistan, wouropshin Pakistan gedeelt gouf an en neien, och majoritär islamesche Staat Bangladesch geschafe gouf. Innepolitesch hat ufanks d'Kongresspartei d'Soen, ënnert dem Jawaharlal Nehru, Premierminister vun 1947 bis 1964, an dono nach bis ufanks vun den 1970er Joeren. Oppositiounsparteien haten héchsten an den eenzelne Bundesstaaten, oder um kommunale Plang eppes ze soen. Eréischt, wéi dem Nehru seng Duechter, d'Indira Gandhi, déi 1966 Premierministesch gouf, d'Partei zentraliséiert a probéiert huet, hir eege Muechtpositioun auszebauen, ass et der Oppositioun gelongen, sech op nationalem Niveau zu forméieren. E Geriicht zu Allahabad huet 1975 d'Indira Gandhi fir Onrechtméissegkeete bei de Wale vun 1971 fir schëlleg fonnt. Mee amplaz, wéi d'Oppositioun et gefuerdert huet, zeréckzetrieden, huet d'Gandhi den Noutstand ausgeruff a bis 1977 mat Dekreter regéiert. Déi demokratesch Grondrechter, wéi Press- oder Meenungsfräiheet, goufe schwéier limitiéiert. 1977 huet sech d'Onzefriddenheet vun der Bevëlkerung mat dëser de-facto-Diktatur an enger däitlecher Walnéierlag fir d'Indira Gandhi geäussert. Tëscht 1977 an 1980 bestoung fir d'éischte Kéier d'Regierung net aus Membere vun der Kongresspartei, mee aus enger lénksgeriichtener Koalitioun ënnert dem Janata Party . 1980 koum d'Indira Gandhi duerch Walen nees zeréck un d'Muecht. An dës Regierungsperiod fällt d'Kris am Punjab, wou sikhistesch Separatisten en eegene Staat gefuerdert hunn. Wéi sech militant Sikhen 1984 am Gëllenen Tempel zu Amritsar verschanzt haten, huet d'Indira Gandhi d' Operation Blue Star ordonéiert. Indesch Truppen hunn den Tempel gestiermt an der Okkupatioun en Enn gesat. Dorops hi koum et zu bluddegen Ausernanersetzungen, deenen hiren Héichpunkt d'Ermuerdung vun der Gandhi duerch hir Sikh Leibwächter war. Hire Jong, de Rajiv Gandhi huet d'Regierungsgeschäfter iwwerholl, war awer net kapabel, déi geplangte Reformen ëmzesetzen. E gouf och an e Korruptiounsskandal verwéckelt, sou dass 1989 d'Oppositioun eng kloer Victoire bei de Wale krut. 1991 bis 1996 koum awer nees d'Kongresspartei un d'Muecht. D'Regierung vum P. V. Narasimha Rao huet d'Land op wirtschaftlechem Plang no baussen opgemaach an aussepolitesch nei orientéiert. Zu sengem Reformprogramm hunn ë.a. d'Privatiséierung vu Staatsbetriber, d'Ophiewe vun Handelsbarrièren, d'Ofschafe vu bürokrateschen Investitiounshemmnisser a Steiersenkunge gezielt. Déi Regierungen, déi nokoumen, hunn dës Reforme virugefouert. Zënter den 1980er Joeren ass den Hindu-Nationalismus am gaang, däitlech méi staark ze ginn. En zentralen innepolitesche Sträitpunkt ass d'Ausenanersetzung ëm d'Moschee zu Ayodhya (Uttar Pradesh), déi an d'Plaz vun engem bedeitenden Hindutempel opgeriicht gi war. 1992 hunn hinduistesch Extremisten d'Moschee gestiermt an zerstéiert, wat zu schwéieren Debordementer am ganze Land gefouert huet. De politeschen Aarm vun den Hindu-Nationalisten, d'Bharatiya Janata Party (BJP), huet tëscht 1998 an 2004 eng Regierungskoalitioun ugefouert a mam Atal Bihari Vajpayee de Regierungschef gestallt. 2004 huet d'Kongresspartei nees d'Wale gewonnen, mat un hirer Spëtzt der Sonia Gandhi, der Witfra vum Rajiv Gandhi, deen 1991 ermuert gi war. Si gouf awer net Premierministesch, well d'Oppositioun se wéinst hiren italienische Wuerzelen kritiséiert huet. An d'Plaz koum de Manmohan Singh deen ënnert dem Rao Finanzminister war. Trotz engem wirtschaftlechen Opschwonk sinn hautesdaags d'Haaptprobleemer an Indien nach ëmmer de wäit verbreeten Aarmutt, eng staark Iwwerbevëlkerung, Ëmweltproblemer, an déi ethnesch a reliéis Konflikter tëschent den Hinduen an de Moslemen. Dobäi kënnt de Sträit mat Pakistan ëm d'Kaschmir-Regioun, wat besonnech kriddelech ass, well souwuel Indien, wéi och Pakistan, Atombommen hunn. An deene leschte Joren sinn déi zwee Länner awer liicht openaner zou gaangen. Terrorismus an IndienZënter 1986 kämfe verschidde Gruppéierungen am Kaschmir fir d'Onofhängegkeet oder fir en Uschloss mam Pakistan. Ëmmer nees koum et zu Attacken op Ariichtunge vum indesche Staat, wéi z.B. am Oktober 2001 op d'Regionalparlament vu Jammu a Kashmir zu Srinagar, op d'indesch Arméi, déi do stationéiert ass, oder op hinduistesch Awunner oder Pilger. Och op anere Plazen am Land koum et zu Uschléi vu kaschmiresche Separatisten oder islamisteschen Terrororganisatiounen wéi der Lashkar-e-Toiba. Déi bis ewell schrooste Serie vun Attentater war am Mäerz 1993 statt, wéi zu Mumbai duerch Attacken op d'Bourse, op Hoteller, Zich a Bensinnsstatiounen 257 Leit ëm d'Liewe koumen an der iwwer 1100 blesséiert goufen. Am Dezember 2001 hunn Islamisten d'Parlament su Nei-Delhi gestiermt, dobäi koume 14 Leit ëm d'Liewen. 52 Doudeger gouf et am August 2003, wéi zwee Taxien, déi mat Sprengstoff gefëllt waren, zu Mumbai explodéiert sinn. Dräi Bommenattentater op Mäert zu Nei-Delhi am Oktober 2005 hunn 62 Affer kascht. Am Mäerz 2006 sinn zu Varanasi duerch zwou Bommen 20 Mënschen doutgemaach ginn. Bei de Bommenexplosiounen an Zich, am Juli 2006 koume ronn 200 Leit ëm d'Liewen a goufen der iwwer 700 blesséiert. Den 18. Februar 2007 sinn am „Frënnschafts-Express“, der eenzeger Zuchverbindung tëscht Indien a Pakistan zwou Bommen explodéiert, op d'manst 65 Mënsche si leie bliwwen. De 25. August 2007 sinn zu Hyderabad alt nees eng Kéier zwou Bommen an d'Luucht gaangen (eng drëtt kunnt entschäerft ginn), woubäi op d'mannst 42 Leit hirt Liewen hu misse loossen. PolitikNo der Verfassung vun 1950 ginn d'Parlament an de Staatschef vum Vollek gewielt. Administrativ AndeelungIndien ass an 28 Bundesstaaten (engl. States) a siwen Uniounsterritoiren (engl. Union Territories) agedeelt, déi an am ganze 603 Distrikter (engl. Districts) ënnerdeelt sinn. An e puer Bundesstaaten ginn Distrikter zu Divisiounen (engl. Divisions) zesummegefaasst. Ënner den Disitriker kommen d'Tehsilen (oder och Taluken), Bléck a Subdivisions. Deen ënneschten administrativen Niveau sinn d'Dierfer, déi zum Deel a sougenannten Hoblien zesummegefaasst kënne ginn. D'Uniounsterritoire gi vun der Zentralregierung zu Neu-Delhi verwalt. D'Bundesstaaten dogéint hunn eege Parlamenter an eng eege Regierung. Regierungschef vun engem Bundesstaat ass den Chief Minister. Formell ënnersteet deen engem Gouverneur, dee vum Bundespresident ernannt ass. Fir déi kommunal Verwaltung ass a grousse Stied d' Municipal Corporation zoustänneg, a méi klengen d' Municipalities. Am ländleche Raum gëtt nom Panchayati Raj System gefuer. Dëse besteet aus gewielte Conseilen (Panchayat) um Niveau vum Duerf, vum Block a vum Distrikt. Je no Bundesstaat sinn d'Zoustännegkeeten anescht. Déi haiteg Andeelung geet op de States Reorganization Act vun 1956 zeréck. D'Mammesprooch vun den Awunner war e wichtege Critère fir d'Grenzen nei ze zéien. Den 1. Mee 1960 gouf de Staat Bombay an déi zwee Staate Gujarat a Maharashtra opgedeelt. 2000 sinn dräi nei Bundesstaaten entstanen: Jharkhand, Chhattisgarh an Uttarakhand. Bundesstaaten
Gateway of India zu Mumbai
D'Secundra Bagh bei Lucknow, dat wärend dem Sepoy-Opstand vun de Brite gestiermt gouf. Foto vum Felice Beato, Mäerz 1858.
Unionsterritorien
StiedHaaptstad vun Indien ass Nei-Delhi , direkt nieft Delhi, déi mat ronn 11 Milliounen Awunner, déi zweetgréisste Stad aus dem Land ass. Mat der Agglomeratioun sinn et 17 Milliounen. Delhi ass de kulturellen Zentrum vun der Hindicommunautéit am Norden. Déi gréisste Stad an och den ekonomeschen Zentrum vun Indien ass awer Mumbai, bis 1995 Bombay. Déi Metropol un der Westküst huet bal 13 Milliounen Awunner, 20 Millionen, wann een d'Agglomeratioun matzielt. Drëttgréisste Stad ass Bengaluru, bis 2006 Bangalore. An där 5-Millioune-Stad si vill Firmen, déi mat neien Technologië schaffen, dofir gëtt se och alt d'„Silicon Valley vun Indien“ genannt. Kolkata, bis 2001 Calcutta oder Kalkutta, ass déi gréisste Stad op der Ostküst an ass, mat 4,6 Milliounen Awunner, déi véiertgréisst. Si gëllt als intellektuellen Zentrum. Chennai, bis 1996 Madras, kënnt op fënnefter Plaz, mat 4,3 Millioune Mënschen, si ass de kulturelle Mëttelpunkt vu Südindien, besonnesch vun den Tamilen. EconomieIndien huet no Japan, den héchste Liewensstandard vun Asien. Grousse Verkéiers-, Industrie-, Handels-, Finanz- an Déngschtleeschtungssecteur. Memberstaate vum Commonwealth of Nations
Antigua a Barbuda - Australien - Bahamas - Bangladesch - Barbados - Belize - Botswana - Brunei - Kamerun - Kanada - Zypern - Dominica - Fidschi - Gambia - Ghana - Grenada - Guyana - Indien - Jamaika - Kenya - Kiribati - Lesotho - Malawi - Malaysia - Malediven - Malta - Mauritius - Mosambik - Namibia - Nauru - Neiséiland - Nigeria - Pakistan - Papua-Neiguinea - Saint Kitts an Nevis - Santa Lucia - Saint Vincent an d'Grenadinen - Sambia - Samoa - Seychellen - Sierra Leone - Singapur - Solomon Inselen - Südafrika - Sri Lanka - Swasiland - Tansania - Tonga - Trinidad an Tobago - Tuvalu - Uganda - Vereenegt Kinnekräich - Vanuatu Afghanistan - Armenien - Aserbaidschan - Bahrain - Bangladesch - Bhutan - Brunei - Taiwan - China - Demokratesch Volleksrepublik Korea - Georgien - Indien - Indonesien - Irak - Iran - Israel - Japan - Jemen - Jordanien - Kambodscha - Kasachstan - Katar - Kirgisistan - Kuwait - Laos - Libanon - Malaysia - Malediven - Mongolei - Myanmar - Nepal - Oman - Pakistan - Palästina - Philippinen - Republik Korea - Russland - Saudi-Arabien - Singapur - Sri Lanka - Syrien - Tadschikistan - Thailand - Timor-Leste - Turkmenistan - Tierkei - Usbekistan - Vereenegt Arabesch Emirater - Vietnam - Zypern
More about Indien: cyclone france indien meteo ocean, hans indien seidel stiftung, 2007 indien innenpolitik, gruppe indien indonesien salim, hans indien innenpolitik seidel stiftung, hans indien seidel stiftung studien, indien koalition upa, indien kolaition upa, banque bfcoi commerciale francaise indien ocean reunion socgen, |
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.