|
Article on other languages:
|
Den Herodot vun Halikarnassos (* géint 485, † géint 425) wor e griichesche Reesenden, Vëlkerkundler, Geograph an Historiker.
Säi LiewenDen Herodot (gr.:Herodotos, lat.: Herodotus) ass zu Halikarnassos (heitegt Bodrum/Tierkei) a Klengasien op d'Welt komm. En ass vill gereest, a Persien, Egypten, Babylonien a bis bei d'Schwaarzt Mier. D'Enn vu sengem Liewen huet en am süditalieneschen Thourioi verbruecht, enger griichescher Kolonie. Säi WierkËnnert dem Titel Historiai huet den Herodot e Wierk veröffentlecht, wat sech em d'Perserkricher am 5. Joerhonnert v. Chr. dréint. Ënnert sengen Historiai versteet den Herodot an éischter Linn eng Enquête. Nodeems et ufanks nach em déi besote Perserkricher geet, schweift den Herodot ganz séier of an entféiert de Lieser op eng Rees bei déi verschiddenst Vëlker. Hie stellt seng Weltkaart fir, wat eis en Opschloss dodrops gëtt, wéiwäit d'gebilte Leit vu senger Zäit geduecht hunn. De "Papp vun der Geschichtsschreiwung" ass allerdengs net bei jidderengem beléift, well en dacks Mythn mat der Wourecht vermëscht. De komplette Konträr ass den faktenorientéierten Thukydides. Literatur zum Thema
Um Spaweck |
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.