|
Article on other languages:
|
D'Vereenegt Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland (englesch: United Kingdom of Great Britain and Northern Ireland), op lëtzebuergesch dacks mat Groussbritannien ofgekierzt, ass e souveräne Staat op den am Nordweste vun Europa geleeëne briteschen Inselen. Dozou gehéieren d'Insel Groussbritannien, den nordëstleche Wupp vun der irescher Insel an eng sëlleche méi kleng Inselen. Den haitege Staat ass eng politesch Unioun tëscht de véier Deelstaaten England, Wales, Schottland (allen dräi op der Insel Groussbritannien) an Nordirland (Insel Irland). D'Grenz tëscht Nordirland an der Republik Irland ass déi eenzeg Staatsgrenz iwwer Land. Natierlech Grenze maachen den Atlanteschen Ozean, d'Irescht Mier, d'Nordmier an den Äermelkanal (Manche). D'Insel Groussbritannien ass mam Tunnel ënnert der Manche mat Frankräich verbonn. D'Vereenegt Kinnekräich ass eng parlamentaresch Demokratie a konstitutionell Monarchie. De Regierungsëtz ass zu London, der Haaptstad vum Land. Staatschefin ass d'Kinnigin Elizabeth II. D'Kroundépendancen (crown dependency) Isle of Man an d'Kanalinselen Jersey a Guernsey si formell am direkte Besëtz vun der britescher Kroun, gehéieren awer net zum Staat. D'Vereenegte Kinnekräich huet d'Souveränitéit iwwer 14 Iwwerséigebidder, déi meescht dovunner si fréier Krounkolonien déi aus ënnerschiddlechen Ursaachen ni onofhängeg gi sinn. Aner Lännereien an Deeler vum fréiere briteschen Imperium sinn haut onofhängeg Staaten oder goufe wéi fir d'lescht 1997 Hong Kong (zënterhier nees chinesesch), un aner Staaten ofginn. Den historeschen Afloss deen d'britesch Expansiounspolitik op grouss Deeler vun der Welt hat, huet sech an der Kultur a Sprooch vu Länner wéi Kanada, Australien, Neiséiland, Indien, Pakistan, Südafrika, de Vereenegte Staate vun Amerika an aneren, global manner aflossräichen onofhängege Staaten niddergeschloen. D'Vereenegt Kinekräich ass bis haut iwwer d'Monarchie a Personalunioun mat 15 souveräne Staaten. Dës sougenannt Commonwealth Realms ("Kinnekräicher vum Commonwealth") si Länner an deenen d'britesch Monarchin Kinnigin an offiziell Staatschefin bliwwen ass. Do dernieft huet d'Kinnekräich mam Commonwealth of Nations eng international Institutioun geschaf fir de politesche Kontakt mat -an der Majoritéit- Nofolgerstaaten vu fréieren Territoiren aus imperialer Zäit ze halen. D'Vereenegt Kinnekräich huet ronn 60,6 Milliounen Awunner an ass eent vun de gréisste Memberlänner vun der Europäescher Unioun. D'Brite sinn zënter 1973 an der Unioun. D'Kinnekräich ass e G8-Staat a Grënnnungsmember vun der NATO an de Vereente Natiounen. D'Atommuecht huet e permanente Sëtz am Sécherheetsrot. Den NummDen offizielle Staatsnumm op Englesch ass United Kingdom of Great Britain and Northern Ireland. D'Brite selwer hunn awer éischter United Kingdom, Britain oder UK am alldeegleche Gebrauch wa se vun hirem Land schwätzen. Den offizielle Staatsnumm an de Sproochen déi der Europäescher Charta fir Regional- oder Minoritéitssproochen no regional vum Vereenegte Kinnekräich unerkannt gi sinn:
Am Lëtzebuergesche gëtt -grad ewéi an enger Rëtsch aner Sproochen- vill vu "Groussbritannien", dacks esouguer nach vun "England" geschwat wann d'Vereenegt Kinnekräich gemengt ass. Groussbritannien ass reng geographesch gesi falsch, well et eben och den offiziellen Numm vun der gréisster vun de briteschen Inselen ass. Zu der Insel Groussbritannien gehéiere just England, Wales a Schottland. Dee véierte Landesdeel, Nordirland läit dogéint op der Insel Irland. De "Great" am Great Britain kënnt vum franséische Grande Bretagne a markéiert den Ënnerscheed zu der franséischer Bretagne. De laténgesche Numm Britannia geet op d'keltescht Wuert "Brith" fir faarweg oder fleckeg zréck. Notizen a Referenzen
Kuckt och
Um Spaweck
Memberstate vun der EU
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Éisträich - Dänemark - Estland - Finnland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Irland - Italien - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Malta - Holland - Polen - Portugal - Rumänien - Schweden - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Ungarn - Zypern Memberstate vun der NATO
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Dänemark - Estland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Holland - Island - Italien - Kanada - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Norwegen - Polen - Portugal - Rumänien - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Tierkei - Ungarn - USA Memberstaate vum Commonwealth of Nations
Antigua a Barbuda - Australien - Bahamas - Bangladesch - Barbados - Belize - Botswana - Brunei - Kamerun - Kanada - Zypern - Dominica - Fidschi - Gambia - Ghana - Grenada - Guyana - Indien - Jamaika - Kenya - Kiribati - Lesotho - Malawi - Malaysia - Malediven - Malta - Mauritius - Mosambik - Namibia - Nauru - Neiséiland - Nigeria - Pakistan - Papua-Neiguinea - Saint Kitts an Nevis - Santa Lucia - Saint Vincent an d'Grenadinen - Sambia - Samoa - Seychellen - Sierra Leone - Singapur - Solomon Inselen - Südafrika - Sri Lanka - Swasiland - Tansania - Tonga - Trinidad an Tobago - Tuvalu - Uganda - Vereenegt Kinnekräich - Vanuatu Kanada - Frankräich - Däitschland - Italien - Japan - Russland - Groussbritannien - USA
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.