|
Article on other languages:
|
Eng Aminosaier ass en organescht Molekül déi esouwuel e Carbaoxygrupp (-COOH) ewéi en Aminogrupp (–NH2) besetzt. An der Natur sinn d'α-Aminosaier (den –NH2-grupp befënnt sech um 2. C-atom dem sougenannten Cα) am wäitesten verbreet well si d'Grondbausteng vun de Proteine sinn. Um Cα ass och d'Säiteketten (R) ugebonn. Dës bestëmmt hier Aart an hier biochemesch Egeschaften a Verwendungen. VirkommenBis haut sinn an der Natur méi wéi 200 Aminosaieren entdeckt ginn. Just 20 vun hinnen sinn allerdéngs fir den Opbau vun Eewaisser wichteg. AartenDéieren a Mënschen kënnen am Géigendeel zu de Planzen, net all di 20 Aminosaieren déi fir d´Bildung vun Eeweiss néideg sinn, selwer opbauen. Si mussen dofir een Deel mat der Ernierung zou sech huelen. Dës ginn och nach di essenziell Aminosaieren genannt a sinn: Histidin, Isoleucin, Leucin, Lysin, Methionin, Phenylalanin, Thereonin, Tryptophan an Valin. Da ginn et nach di hallefessenziell Aminosaieren. Hire Bedarf hänkt vum jeweilegen Organismus selwer of. Et sinn dës: Cystein, Tyrosin an Arginin. Di lescht Grupp sinn di nëtessenziell Aminosaieren a kënne vum Kierper aus anere Moleküler produzéiert ginn. Zu hinnen zielen: Alanin, Asparagin, Asparaginsaier, Glutamin, Glutaminsaier, Glycin, Prolin a Serin. AufgabenAminosaieren sinn liewensnoutwendig an hirer Fonktioun als Eeweissbausteng. Verschiddener vun hinnen sinn wuesstumsfördernd anerer spillen eng wichteg Roll am Liewerstoffwiessel, am Immun- an Nervesystem. Lëscht vun den 20 (+ 1 (Selenocystein)) Aminosaieren déi an de Proteine virkommen.
|
This article is from Wikipedia. All text is available under the terms of the GNU Free Documentation License.