1312 : De Jang gëtt als Kinnek vu Béimen gekréint, als éischte vu véier Lëtzebuerger Kinneke vu Béimen.
1312-1340 : De Jang huet a verschiddene Feldzich an Däitschland, Italien, Litauen an a Loutrengen gekämpft, an ass am zweete Litauesche Feldzuch op engem A blann ginn a gouf säitdeem "Jang de Blannen" genannt.
1346 : De Jang de Blannen fält a Frankräich an der Schluecht vu Crécy. Den eelste Jong vum Jang de Blannen, de Karel IV. gouf als Keeser vum Hellegen Réimesche Räich gewielt a gouf Kinnek vu Béimen als Karel I. Sengem Hallefbrudder Wenzel I. huet e Lëtzebuerg iwwerlooss.
1354 : Lëtzebuerg as zum Herzogtum erhuewen gin. De Wenzel I. gëtt éischten Herzog, an huet am selwechte Joer d'Jeanne vu Brabant bestued.
1383 : De Wenzel I. stierft ouni Ierwen ze hannerloossen an d'Herzogtum geet un säin Neveu Wenzel II.